Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Méi Unerkennung a besser Bezuelung"

Associatioun vun den Hiewanen

"Méi Unerkennung a besser Bezuelung"

Hiewane begleede Fraen, déi erwaarde virun der Gebuert an och dono. Dës Aarbecht gëtt awer net genuch bezuelt. D'Associatioun mécht en Appell un d'Politik, fir dat ze änneren.

auto_stories

2 min

Wann e Puppelchen ënnerwee ass, huet d'Mamm d'Recht virun der Gebuert an och dono, vun enger Hiewan betreit ze ginn. "Aktuell profitéiert awer net all betraffe Fra dovunner, well si dacks net Bescheed wëssen", seet d'Nadine Barthel, Presidentin vun der Associatioun vun den Hiewanen, der ALSF.

D'Hiewane géifen déi Aktivitéiten nieft hirer Ustellung an engem Spidol maachen: "D'Tariffer fir dës fräiberufflech Aktivitéit sinn ze niddereg", esou d'Nadine Barthel. D'CNS wëllt net méi bezuelen, de Beruff wier domat fir jonk Hiewanen net attraktiv. "Praktesch all Hiewanen hei zu Lëtzebuerg sinn a Spideeler ugestallt, anescht kënne si hiren Alldag net finanzéieren", esou d'Nadine Barthel.

Roll vun der Hiewan haut

"Och an enger Zäit, an där d'Schwangerschaft an d'Gebuert enk medezinesch mat Instrumenter iwwerwaacht ginn, huet d'Hiewan eng grouss Roll", esou d'Nadine Barthel. Wa si mat bei der Gebuert dobäi ass, géifen Zaangegebuerten an och d'Keeserschnëtter erofgoen. Et géifen och manner Fraen no der Gebuert Depressioune kréien.

Zu Lëtzebuerg wier den Trend fir Gebuerte per Keeserschnëtt ze programméieren nach net ukomm. Et géifen awer vill Gebuerten ageleet: d'Nadine Barthel ass iwwerzeegt, datt vill Fraen dovunner ewech géife kommen, wa si am Virfeld vun enger Hiewan begleet wieren.

Nowuess

Et ginn zu Lëtzebuerg eng 7.000 Gebuerte pro Joer - et kommen awer nëmmen dräi bis véier Hiewanen aus dem LTPS eraus. Dat geet net duer, klot d'Nadine Barthel, an hirer Qualitéit als Presidentin vun der ALSF.