D'Depensë fir d'Verdeedegung solle bis 2020 op 412 Milliounen Euro klammen. Dat sinn 0,6 Prozent vum PIB, a 50 Prozent méi, wéi aktuell. "Mir ginn net einfach Suen aus, fir Suen auszeginn, oder fir einfach Waffen ze kafen", seet de Romain Mancinelli. Et géif och ëm e "Return on investment" fir Lëtzebuerg goen, ekonomesch, sozial oder politesch. Trotz Hausse vum Budget fir d'Verdeedegung léich Lëtzebuerg an der NATO ëmmer nach op der leschter Plaz bei den Ausgabe fir d'Verdeedegung, ënnersträicht de Generol.
Net genuch Spezialisten an Héichqualifizéierter
De Rekrutementsproblem bei der Arméi hätt sech an de leschte Jore verbessert, et wier awer problematesch fir Spezialisten an héich qualifizéiert Leit ze rekrutéieren. De Verdeedegungsminister wär averstanen, fir nei Carrièren (B1, A2) an der Arméi anzeféieren. Déi Carrièrë wären néideg, fir d'Arméi nei auszeriichten. Vrun allem, wat den Opbau vun der Militäraviatioun ugeet.
Sozialdialog an der Arméi
De Romain Mancinelli begréisst d'Zesummenaarbecht mam Consultant PWC, deen un enger Kommunikatiouns- a Rekrutementsstrategie schafft, fir d'Arméi besser no baussen ze verkafen. De Chef d'Etat-Major schwätzt vun engem gudde Sozialdialog an der Arméi. Dozou hätt ënner anerem eng "Quadripartite" vu Gewerkschaften, Etat-Major an Direktioun vun der Defense bäigedroen.
Déi nei Richtlinne fir d'Verdeedegung bis d'Joer 2025 wieren d'Resultat vun engem integrative Prozess gewiescht tëscht der "Direction de la défense", dem Etat-Major an dem Minister. Dohannert stéing e Planning-Prozess an der NATO an an der EU, dee festleet, wat déi verschidden Alliéiert un Investissementer solle liwweren.