Radioen

On air

Notturno  |  Kyle Kidd - Tms

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méiglech Enquêtëkommissioun: Pirate siche Positioun

Datebanke bei Police a Parquet

Méiglech Enquêtëkommissioun: Pirate siche Positioun

Ob an der Affär vun den Datebanke bei Police a Parquet eng parlamentaresch Enquêtëkommissioun néideg ass, sou wéi d'CSV-Fraktioun se de Mëttwoch erëm an d'Spill bruecht huet, wéisst e bei der Piratepartei nach net, seet den Deputéierte Marc Goergen.

auto_stories

2 min

Et géif ee sech awer virun der Rentrée festleeën. Hie wéilt och nach weider Froen zu all den Datebanke stellen, déi opgelëscht misste ginn. Hien hätt och scho Froen eragereecht, déi kläre sollen, ob an enger Datebank och déi sexuell Orientéierung vun de Leit erfaasst gëtt.

Fuerderung no méi Biergerbedeelegung bei Verfassungsreform

D'Piratepartei fuerdert méi Biergerbedeelegung, net nëmme beim Ausschaffe vun enger neier Verfassung, dowéinst huet d'Partei e speziellen Internetsäite opgebaut. Iwwer dëse Site kéint e Bierger direkt eng parlamentaresch Fro eraginn. Membere vun der Piratepartei géifen iwwregens virun engem Vott an der Chamber ëm hir Meenung gefrot ginn, sou den Deputéierten.

D'Piratepartei hofft, datt Lëtzebuerg méiglechst séier eng nei, modern Verfassung kritt, sou de Marc Goergen. D'Piraten hate virun de Chamberwahlen den islännesche Modell proposéiert, bei deem eng Delegatioun aus zoufälleg ausgewielte Bierger sech konkret un der Verfassungsrevisioun kéinte bedeelegen. An engem weidere Schratt kéint dann déi ganz Populatioun iwwer 20-30 Froen ofstëmmen.

Geplangten nei Verfassung a Fro gestallt

Wéinst dem Virstouss vun der CSV vun Ufank Juli - deen d'Piratepartei prinzipiell begréisst - a wann d'CSV de Verfassungstext net géif matstëmmen, géif hien awer net méi dovun ausgoen, datt dat neit Grondgesetz nach an dëser Legislaturperiod kéint a Kraaft trieden, sou den Deputéierte Marc Goergen am 100,7-Interview. De Kompromëss kéint sinn, datt d'Majoritéitsfraktioune bereet wiere fir de Bierger méi Froen ze stellen.

Piratepartei: Coordinateurs-Poste soll op Kongress nei besat ginn

Bei der Piratepartei soll e Kongress entscheeden a wéi eng Richtung d'Partei geet a wéi eng Leit un der Spëtzt stinn, sou de Coordinateur an Deputéierte Marc Goergen.

Wéinst neie Memberen an der Piratepartei hätten et Reiwereie ginn, déi demokratesch solle geléist ginn.

Vill Memberen hätten hien encouragéiert fir Coordinateur vun der Partei ze bleiwen, seet de Marc Goergen. Hien hätt Kompromëssléisungen ugebuede kritt, fir zum Beispill duerch e Co-Coordinateur entlaascht ze ginn a méi Zäit fir seng Chamberaarbecht ze kréien.