Radioen

On air

De Moien  |  Blood Orange - Saint

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Parquet analyséiert d'Denonciatioun vum Sven Clement

No Denonciatioun beim Parquet

De Parquet analyséiert d'Denonciatioun vum Sven Clement












D'Denonciatioun vu sougenannten "Impfdränlger" déi de Sven Clement beim Parquet agereecht huet ass ukomm, seet de Justizspriecher op Nofro hin. De Parquet géif d'Situatioun elo analyséieren. Nodeems mir weider Fäll gemellt haten an deene Membere vu Verwaltungsréit sech fréizäiteg Impfe gelooss haten, hat de Sven Clement Persounen déi sech bei de Coronaimpfunge virdrécke beim Parquet gemellt.










auto_stories

3 min

Foto: Archiv

De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


De Vaccin wier mat ëffentleche Gelder bezuelt ginn a misst dowéinst och no de Virgabe vun der Santé verdeelt a gesprëtzt ginn. Bis elo kruten d'Spideeler vun der Regierung den Optrag selwer intern ze enquêtéiere wien ze fréi geimpft gouf. Dem Sven Clement no wier dat e Probleem. Hien hofft elo datt de Parquet als onofhängegen Acteur eng Enquête lancéiert.

"Et ass esou, datt den Impfstoff jo vum Staat an dat mat Steiergelder kaaft gëtt, an et dofir kloer Reegele gëtt, wie sech wéini kann impfe loossen. An déi Reegele goufen hei net agehalen. Dat heescht et stellt sech awer d'Fro op do net géint verschidde Gesetzer wei zum Beispill Vol verstouss gouf."

De Staat an der Verantwortung

Den Deputéierte vun de Pirate bedauert och, datt d'Gesondheetsministesch net vun Ufank u méi haart duerchgegraff hätt. Et wier sech hanner "ganz enke juristeschen Termen" verstoppt ginn an et wier esou gemaach ginn, wéi wann et sech just ëm Eenzelfäll géif handelen.

"Mir wëssen haut vu véier nogewisene Fäll déi et zouginn hunn. Vun CA-Memberen déi sech impfe gelooss hunn éier et un hirem Tour war. Mir wëssen datt de CHDN eng Plainte deposéiert huet géint Onbekannt. Mir wëssen datt d'Santé selwer zouginn huet datt 264 virun hirem Tour geimpft goufe well se duerch e Feeler vun der Santé éischter invitéiert goufen. Mir wëssen datt d'IGSS Feeler gemaach huet bei den Invitatioune vun de Gemengesyndikater. Et muss een zu deeene Feeler stoen an et denoncéire kennen."

De Sven Clement léisst och d'Excuse vun deene Verwaltungsrotsmemberen déi sech fréizäiteg impfe gelooss hunn, datt si reegelméisseg missten an den Heemer oder Spideeler present sinn, net gëllen. Mëttlerweil kéint een administrativ Tâche vun doheem aus maachen.

Nieft den aktuelle Fäll verweist de Sven Clement op weider Fäll a Strukturen an deene Leit geimpft goufen déi net op d'Impflëscht gehéiert hunn, ouni Detailer ze nennen.

Mir krute confirméiert, datt de Parquet Lëtzebuerg wéinst der Denonciatioun vum Sven Clement eng Enquete préliminaire opgemaach huet. D'Plainte géint Onbekannt, déi de Centre hospitalier du Nord bäim Parquet gemaach huet, wier dovun net betraff.