Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méigleche Medezinstudium zu Lëtzebuerg

Medezin

Méigleche Medezinstudium zu Lëtzebuerg

Den Héichschoulministère wëllt an den nächste Joren iwwerpréiwen, ob et Sënn mécht ee komplette Medezinstudium op der Uni Lëtzebuerg unzebidden. Eng Pist wier de Modell vun enger Unisklinik.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Domat reagéiert de Ministère op d'Fuerderung vun der ALEM fir zu Lëtzebuerg a Master Studiegang an der Medezin unzebidden an domadder der Penurie vun den Dokteren entgéintzewierken.

Dem Héichschoulministère no kéint een op Nofro hin allerdéngs dorausser net genee chiffréieren, wéi vill Studente schlussendlech zeréckkommen a wéi vill net. Ee vun de Grënn, wisou datt vill Studenten net op Lëtzebuerg zeréckkomme wier, datt si mat der Zäit de Frëndeskrees an d'Famill op der Studieplaz géifen opbauen.

Infrastrukture feelen

En anere Grond wier, datt zu Lëtzebuerg déi néideg Infrastrukture géife feele fir innovativ ze schaffen, seet de Leon Diederich vum Héichschoulministère:

"Sief et beispillsweis eng Unisklinick, déi gewëss Karriärschancë bitt, awer och d'Recherche integréiert, fir eng gewëssen Innovatioun steet, well een ëmmer um neiste Stand vun der Medezin ka bleiwen an d'Innovatioun ka mat virubréngen."

Ausserdeem kéinten Doktere sech an engem Grupp zesummendoen, ergänzt de Leon Diederich. Heifir géif et den Ament nach kee legale Kader zu Lëtzebuerg ginn.

Dat wiere vill vun de Grondbedéngungen, op déi jonk Doktere wäert géife leeën, an déi een an den nächste Joren och "ouni Problem" kéint zu Lëtzebuerg schafen.

Knapp een Drëttel kënnt net op Lëtzebuerg zeréck

Rezent hat d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Medezinstudenten eng Etüd publizéiert, an där et heescht, datt knapp een Drëttel vun de Medezinstudenten nom Studium net méi wëllen zeréck op Lëtzebuerg schaffe kommen.

230 Studente goufe vun der ALEM gefrot, ob si no hirem Studium wéilten zeréck op Lëtzebuerg schaffe kommen, erkläert de Chris Speicher, Vizepresident vun der Associatioun. Wat d'Medezinstudente méi laang am Ausland bleiwen, wat de Wëlle fir zeréckzekomme géif ofhuelen.

Studenten aus den éischten zwee Studiejoer hätten zu 95 Prozent uginn, datt si wéilten zeréckkommen. Zum Schluss vum Studium fält dësen Taux op 76 Prozent bei den Dokteren a bei 70 Prozent bei den Assistenzdokteren.

Ee komplette Studium zu Lëtzebuerg

An Zukunft géif et zu Lëtzebuerg eng Penurie un Doktere ginn. Ronn d'Hallschecht vun de 1.500 Spezialisten hei am Land wieren no um Pensiounsalter, esou de Chris Speicher. D'Unzuel u Studenten, déi zeréckkommen, kéint dëst Lach an den nächste Joren awer net fëllen. Deemno proposéiert d'ALEM ënner anerem ee komplett Medezinstudium hei am Land.

"Da wier e jo quasi sécher, datt déi Leit, déi dat zu Lëtzebuerg maachen, och hei bleiwen. De Wëllen ass do. och dat koum eraus. Datt zum Beispill, wat d'Fachausbildung ugeet, een Drëttel bereet ass fir se komplett zu Lëtzebuerg ze maachen. Da behale si och de Frëndeskrees."

Allerdéngs wier et wichteg, datt d'Studenten och Experienz an d'Ausland sammele ginn, esou nach de Chris Speicher.

Héichschoulministère evaluéiert Bachelorstudium

An den nächste fënnef Joer géif den Héichschoulministère de Bachelorstudiegang evaluéieren, heescht et op Nofro hin. Et géif ee kucken ënner wéi enge Konditiounen a wéini e Masterstudiegang méiglech wier.

Eng Unisklinick wier bis ewell keen Theema gewiescht, mee och esou e Modell kéint analyséiert ginn. De Santésministère wollt net op d'Fuerderunge vun der ALEM reagéieren.