Radioen

On air

De Moien  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méiglecherweis méi laang Iwwergangsperiod fir Groussbritannien

Brexit-Verhandlungen

Méiglecherweis méi laang Iwwergangsperiod fir Groussbritannien

Bei de Brexit-Verhandlunge ginn et nach net genuch Fortschrëtter. Dat gouf de Mëttwoch den Owend spéit um EU-Sommet zu Bréissel festgestallt. Virdrun hat déi britesch Regierungscheffin Theresa May déi 27 aner Staats- a Regierungscheffen informéiert. Groussbritannien wëllt d'Europäesch Unioun a gutt fënnef Méint, den 29. Mäerz 2019 verloossen. Ob a wa jo wéini et ee Brexit-Accord gëtt, ass fir de Moment nach ëmmer net gewosst.

auto_stories

2 min

"Mir brauche vill méi Zäit", esou de Michel Barnier, deen d'Verhandlunge fir d'EU féiert.

Hie wier elo méi optimistesch, wéi d'lescht Woch, esou sengersäits den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gëschter Owend. Et géif sech ofzeechnen, datt et fir Groussbritannien nom Brexit eng méi laang Iwwergangsperiod kéint ginn.

Groussbritannien géif an engem Deel vum Bannemaart an an der ganzer Zollunioun bleiwen, mee kéint u kengen Decisioune méi Deel huelen, sou de Jean-Claude Juncker. "Dat ass eigentlech keng avantagéis Léisung fir England. Mee d'Liewen ass, wéi et ass: Brexit means Brexit." Een Haapt-Knackpunkt bei de Verhandlunge fir d'Zäit no dëser Iwwergangsperiod bleift d'Grenzfro tëschent Irland an Nordirland. "Mee ech leeë grousse Wäert drop, datt mer déi iresch Fro gekläert hunn, éier mer den Divorce-Vertrag unhuelen", seet de Kommissiounspresident.

Bettel: "London muss Entscheedungen treffen"

Wéinst dëser Grenz-Fro kéint een net acceptéieren, datt den europäesche Bannemaart laangfristeg futti gemaach géif ginn, esou de Premier Xavier Bettel. "Den 29. Mäerz si se dobaussen. Mir brauchen een Accord virdrun. An dat ass just méiglech, wa mir an den nächste Wochen a Méint seriö weider ze kommen. Et sinn zwou Froen, déi ze kläre sinn. Virun allem London muss Entscheedungen treffen." Déi britesch Regierungscheffin May huet gëschter zu Bréissel gesot, datt ee Brexit-Deal méiglech wier. Elo wier d'Zäit fir en ze finaliséieren.

Momentan kee Spezial-Sommet geplangt

Een EU-Spezialsommet am November wéinst dem Brexit ass fir de Moment awer net geplangt. Wann et genuch Fortschrëtter géife ginn, da géif e sech awer treffen, esou de Lëtzebuerger Premier. Eigentlech war geplangt, datt d'Verhandlunge schonn elo, Mëtt Oktober hätte solle fäerdeg sinn.

Zu Bréissel ass haut Donneschdeg d'Suite vum EU-Sommet. Theme si virun allem d'Asyl-Politik, d'Sécherheet an d'Reform vun der Euro-Zone.