Radioen

On air

Espresso Beats  |  Vicki Sue Robinson - Turn The Beat Around

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meluxina, de Lëtzebuerger Supercomputer

High Performance Computer

Meluxina, de Lëtzebuerger Supercomputer

Lëtzebuerg kritt ee Supercomputer. Eist Land krut den Zouschlag fir ee vun aacht HPCen (High Performance Computer), déi uechter Europa wäerten installéiert ginn, hei ze hebergéieren. E kënnt op Biissen an den Datazenter vun der Firma Lux-Connect: dat ass eng privat Gesellschaft, där hiren eenzegen Aktionär de Staat ass. Et geet ëm en Invest vun 30 Milliounen Euro, deen zu engem Drëttel vun der EU-Kommissioun gedroe gëtt.

auto_stories

3 min

An Zäite vun Nation-branding brauche Saachen, op déi ee besonnesch houfreg ass, a mat deenen ee sech dobaussen e bësse bretze wëllt, onbedéngt en X am Numm: fir datt een am Marketing mam "Let's make it happen"-Logo schaffe kann. An awer soll dat Ganzt lëtzebuergesch klengen oder op mannst u Lëtzebuerg erënneren. Meluxina erfëllt déi Critèren alleguer.

Meluxina ass den Numm vun deem Lëtzebuerger HPC. Ee Computer, deen - wann e bis zesumme gebaut ass, an dat sollt Enn 2020 de Fall sinn - wéi et schéngt deen 22. stäerksten op der Welt wäert sinn.

DMario Grotz, den Étienne Schneider, de Khalil Rouhana an de Roger Lampach. Foto: MECO

Konkret bedeiten dat zéng Millioune Milliarde Rechenaufgaben an enger Sekonn, "wat onvirstellbar ass, wat awer extrem wichteg ass fir an enger digitaler Welt kënne Bestand ze hunn", esou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider, deen dann houfreg erkläert, datt Lëtzebuerg eent vun den éischte Länner an der EU war, dat op d'Noutwendegkeet vun esou Supercomputeren higewisen huet, fir kompetitiv net ze vill an d'Hannerdreiwen ze geroden an der Konkurrenz mat den USA oder China.

D'EU muss ophuelen

Europa hat Defiziter an deem Beräich, a probéiert déi elo opzehuelen. Uechter d'EU ginn dofir aacht där HPCen zesummegebaut, vun deenen der dräi - vun der Kapassitéit hir - deem Lëtzebuerger souguer nach eemol wäit iwwerleeë wäerte sinn.

Déi aacht Computere ginn och matenee verbonn, de Reseau gëtt vun enger Struktur mam Numm Euro HPC geréiert, déi hire Sëtz hei am Land kritt. Mee dat gëtt just eng kleng, éischter administrativ Entitéit. De Khalil Rouhana, héije Fonctionnaire bei der EU-Kommissioun, erkläert, firwat et wichteg ass, datt Europa sech onofhängeg mécht, am Beräich vum Supercomputing:

"Aujourd'hui nos entreprises, nos scientifiques sont obligés de lancer des applications sur des calculateurs qui sont en dehors de l'Europe. Des applications, où il y a des données sensibles qui sont envoyées en dehors de l'Europe, parce que nous n'avons pas les capacités en Europe pour satisfaire la demande. Une très forte demande, et cette demande va en croissance."

Sensibel europäesch Donnéeë sinn néirens besser opgehuewe wéi an Europa, wéinst den héijen Dateschutzstandarden hei, awer net nëmmen dowéinst. Wann een de Roger Lampach, CEO vu LuxConnect, héiert opzielen, a wéi enge Beräicher de Supercomputer herno zum Asaz kënnt, versteet een, datt et besser ass, et versuergt een déi Informatioune bei sech:

"De lëtzebuergeschen HPC wäert an de Fuerschungs- an Applikatiounsberäicher Industrie 4.0, ECOTech mat der Économie circulaire an der Smart mobility, fir d'Logistik, am Healthtech, am Space a fir d'Fintech benotzt ginn. De Fokus ass ganz kloer op kënschtlecher Intelligenz, deep learning, virtual simulation an och data analystics."

Meluxina: Fir jiddwereen accessibel

Domat ass een en ligne mam Rifkin-Prozess an der digitaler Strategie, déi d'Regierung sech ginn huet, betount de Wirtschaftsminister. An dann erkläert den Etienne Schneider, datt déi enorm Rechekapassitéite jiddwerengem zur Verfügung stinn, "souwuel de Betriber wéi de Start uppen, souwuel der Fuerschung wéi der Uni, der Finanzplaz, dem Space mining, all édi innovativ digital gedriwwe Secteuren, déi mir schonn am gaange sinn opzebauen oder och an Zukunft wäerten opbauen".

Kommerziell Entreprise mussen natierlech fir de Service bezuelen, bei ëffentleche Fuerschungsariichtunge gesäit dat anescht aus. Meluxina schaaft och Aarbechtsplazen, 20 dovu ganz kuerzfristeg, 50 à long terme. An och wann de Supercomputer an en Datazenter op Biissen stoe kënnt, mat Google huet dëse Projet iwwerhaapt näischt ze dinn.