"Menace vun engem Grexit ass net erdréiglech"

Sven-Basisfoto-Wahlplakat-1024x767.jpg

Déi europäesch Gréng fannen den Accord iwwer den neien Hëllefspak fir Griicheland net fair, sou de Sven Giegold. De gréngen Europadeputéierten ass dës Woch mat enger Delegatioun vu senger Fraktioun op Visite zu Athen. Geplangt sinn Entrevuen ë.a. mat Regierungsvertrieder, Deputéierten an dem Chef vun der Zentralbank.

Déi griichesch Gréng hate sech bei de Wahlen am Januar dem lénke Syriza-Bündnis ugeschloss a sinn elo an der Regierung vertrueden. Dass de gréngen Deputéierten Giorgios Dimaras e Mëttwoch am griichesche Parlament fir de Spuer- a Reformpak gestëmmt huet, kann de Sven Giegold novollzéien: Et wier ëm ee Choix tëscht dem Ruin oder dem Ënnerwerfe gaangen. D’EU géif awer déi falsch Reforme fuerderen: Amplaz verkafsoppe Sonndeger anzeféieren, missten d’Privilegie vun der orthodoxer Kierch limitéiert ginn. Och d'Kierzunge bei deene klengste Rente wieren Onsënn, besser sollt een déi grouss Revenuen uerdentlech besteieren. Dat géing awer nach ëmmer net funktionéieren, bedauert de Sven Giegold. Bei enger Entrevue mat Vertrieder vun der Steierverwaltung, wéilt hien déi administrativ Problemer vum Steiersystem besser verstoen.

Schaarf Kritik gouf et dann um Verhandlungsstil vun der däitscher Regierung: "Das Drohen mit dem Ruin der Volkswirtschaft verbunden mit enormen sozialen Nöten – weil nichts anderes ist ja eine plötzliche Umstellung der Währung – das ist eine unerträgliche Art miteinander in Europa umzugehen." Dass den däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble de Grexit an d'Gespréich bréngt, wier virum Euro-Sommet vum leschte Weekend vun der ganzer Regierung décidéiert ginn. D’Bundeskanzlerin géif sech wuel aus wahltaktesche Grënn zréck halen: "Sie lässt Herrn Schäuble links blinken, biegt dann selbst aber rechts ab. Das ist nicht glaubwürdig."

Mee och déi griichesch Regierung hätt an de Verhandlunge Fehler gemaach, mengt de Sven Giegold. Et wier net iwwerzeegt genuch no Léisunge gesicht ginn an ze dacks wier et zu Uschëllegunge vun den europäesche Partner komm. D’Regierung hätt et och verpasst, op eege Fauscht Wuesstemsimpulser fir d’Wirtschaft ze ginn. Dat hätt d’Verhandlungspositioun vun Athen geschwächt.

Dem Sven Giegold no war et dann och e Fehler, de Sujet vun enger Reduktioun vun der Scholdelaascht während de leschte Méint ze tabuiséieren. Wann een den Internationale Währungsfong am Hëllefsprogramm wéilt halen, da misst een iwwer eng Reduktioun vun der griichescher Scholdelaascht schwätzen. Eng Ëmschëldung oder ee Scholdeschnëtt wieren economesch sënnvoll.

Och een Thema am Gespréich: Déi Lëtzebuerger EU-Semesterprésidence an d'Aarbecht vun der Spezialkommissioun "Taxe" am Europaparlament.

Den Interview vum Pia Oppel mam Sven Giegold:

Programm

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen