Mëndlechen Accord Regierung - kathoulesch Kierch

D’Regierung a Vertrieder vum Bistum sinn sech mëndlech Eens ginn iwwert d’Relatioun tëscht dem Staat an der kathoulescher Kierch. En Accord deen awer nach schrëftlech ze formaliséiere bleift. Dat si mer gewuer ginn, nodeems RTL an d’Wort gemellt hunn, datt d’Glawensgemeinschaften iwwert nei Conventiounen weider finanzéiert ginn. Donieft soll et eng nei Conventioun mat der kathoulescher Kierch ginn iwwert de Wäerteunterrecht.

De Premier Xavier Bettel sot nom Regierungsrot, et wier nach net alles gekläert. De Spriecher vun der kathoulescher Kierch de Roger Nilles sot ons op Nofro hin, et wier elo un de Gremien an der Kierch iwwert den Accord ze decidéieren.

D’Fraktioune vun der Majoritéit (DP, LSAP an déi Gréng) goufe vun der Regierung iwwert den Accord informéiert an d’Fraktioune wieren averstan mat de Propos vun der Regierung.

Onsen Informatioune no sinn sech d’Majoritéit an d’CSV och Eens, fir d’Referendums-Fro iwwert d’Finanzéierung vun de ministres des cultes falen ze loossen, sou wéi den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry dat schonn  um 100,7 ugedeit huet.

De Bäitrag vum François Aulner:

 

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen