Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënschen a Wäerter kann een och mat Wierder verletzen …

Fräie Mikro

Mënschen a Wäerter kann een och mat Wierder verletzen …

An der Lescht hëlt d’Ongehuweltheet an d’Vulgaritéit am ëffentlechen Discours zou. D'Historikerin Simone Beck mécht sech Suergen iwwert eng allgemeng Akzeptanz vu verbaler Graffheet an Agressivitéit.

auto_stories

6 min

De Bertolt Brecht schreift an engem Gedicht: "Wahrlich, wir leben in finsteren Zeiten". Zu senge Liefzäite waren d’"Zeiten finster", awer eis stinn hinnen an näischt no. Mir liewen an enger Welt vu Gewalt, vun Angscht, Trauer a Ohnmacht.

Mir kucke Biller vun zerstéierte Fluchhäfen, Stadionen, Bistroen oder Garen, an deene mer selwer - oder an ähnleche - waren. Mir gesi Mënschen do leien, verletzt, bluddeg, doud. An ze séier falen an deem Kontext geféierlech Wierder: westlech Wäerter, Krich, Ugrëff, Revanche.

Déi berühmte westlech Wäerter, déi esou regelméisseg - iwwregens vu Leit, déi an Europa grouss gi sinn - ugegraff ginn, wat sinn déi eigentlech? Respekt an Toleranz? Oppenheet a Fräiheet? Recht op Schoul an Aarbecht? Menge mer déi? Déi gëllen dach just fir eis, an net fir déi Leit, déi genee déi Wäerter bei eis siche kommen.

Mir si selwer am Gaang verschidde vun dëse Wäerter mat Féiss ze trëppelen, duerch Ofkommes, Regelen, awer och duerch Wierder. Dat, wat den Ëmgank tëschent de Mënschen méi einfach mécht, dat wat eng Diskussioun erliichtert, jo eréischt erméiglecht, Nolauschteren, Ëmgangsformen a Manéieren, geet ëmmer méi verluer.

De Projet vun der europäescher Kulturstad ass fir e Gemengeresponsabel just e "Bidule". An Däitschland kann eng AfD d’Kanzlerin ongestrooft mat deem graffste Wuert titeléieren, wat vulgär Mënsche fir Frae gebrauchen. Déi vun den däitsche Bierger gewielte Parlamentarier ginn zu "Volksverräter" an d’Press ass souwisou "Lügenpresse".

A genee déi Press widmet der AfD Sendezäiten, Interviewen, invitéiert se op Table Ronden, an engem Mooss, wéi se et bei der NPD ni gemaach hätt. Déi gouf dout geschwiegen, während d’AfD - och duerch hir Presenz an de Medien - zweestelleg Wahlresultater kritt. Hir Presidentin Frauke Petry däerf virschloen, op Flüchtlingen ze schéissen, op Mënschen, déi si "Abschaum" nennt, deen Däitschland "überfremdet".

A Sachsen-Anhalt si grad emol 2,7 Prozent vun den Awunner Auslänner - also ginn Ängscht geniert, déi guer net gerechtfertegt sinn. Iwwregens waren d’Sachsen 1990 frou, wéi d’BRD si opgeholl huet. Fir munnech Wessis ware si och zimlech exotesch.

An da kucke mer an d’USA, wou en neie Begrëff zirkuléiert, op dee mer och gäre verzicht hätten: "Trumpism". Den Donald Trump ass den Ament den aussiichtsräichtse Presidentschaftskandidat vun de Republikaner. Där Partei, déi hiren Numm "Grand Old Party" den Ament wierklech net verdéngt. E Populist, deen an engem Interview gesot huet: "Women, you have to treat them like shit". Deen eng Mauer tëschent den USA a Mexiko wëllt bauen, an d’Mexikaner wëllt dofir bezuele loossen. Genee wéi nom Novemberpogrom 1938 déi däitsch Judden hu missen déi Schied bezuelen, déi d’Nazi un hire Synagogen, Geschäfter an Haiser gemaach hunn.

Wat ass geschitt mat eisem Denken, datt mer AfD an Trump zwar mat e bëssen Onwuelsi kucken, awer eis net onbedéngt schrecklech Suerge maachen? Wat ass geschitt, datt mer net op d’Strooss ginn, wa mer vun deem Deal héieren, deen Tusk a Juncker gemaach hu mat eisem neien allerbeschte Frënd Erdogan, deen esou en ausgeprägte Sënn fir Kritik an Humor huet? 

Was haben wir denn geschafft, Frau Merkel? D’Mënscherechter, d’Asylrecht, d’ethesch an d’humanistesch Grondlage vun Europa gi formal a verbal ausgehielegt an a Fro gestallt, awer net nëmme vun de Bommenattentäter vu Paräis oder Bréissel, mä och vun deenen, déi se sollte schützen. Wahrlich, wir leben in finsteren Zeiten.