Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - A2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënschenhandel an Ausbeutung zu Lëtzebuerg

COTEH Fondatioun Maison de la porte ouverte

Mënschenhandel an Ausbeutung zu Lëtzebuerg

Virun zéng Joer ass d'Konventioun vum Europarot iwwert de Kampf géint de Mënschenhandel a Kraaft getrueden. Zwee Servicer, COTEH a SAVTEH, begleeden zu Lëtzebuerg d'Affer vu Mënschenhandel. Et si Fraen a Männer déi a Privatstéit, an der Restauratioun an um Bau ausgebeut ginn. Déi meescht Persounen, déi COTEH bis elo encadréiert huet, koumen aus Albanien, de Philippinnen, Südamerika oder nach Afrika.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / bannafarsai

Fir den zéngten Anniversaire vum Akraafttriede vun der Konventioun iwwert de Kampf géint de Mënschenhandel ze markéieren, ass zu Stroossbuerg eng international Konferenz mam Thema "Lutte contre la traite des êtres humains". Zu Stroossbuerg soll den Impakt vun der Konventioun op d'Gesetzgebung, d'Politiken an déi konkret Aktioune vun de Länner ënnert d'Lupp geholl ginn.

Zu Lëtzebuerg ginn et zwou Organisatiounen déi sech em déi psychosozial Betreiung vun den Affer këmmeren, de Service d'assistance aux victimes de la traite des êtres humains vu Femmes en détresse an COTEH, ee Service vun der Fondatioun Maison de la porte ouverte. Déi meescht Persounen, déi COTEH bis elo encadréiert huet, koumen aus Albanien, de Philippinnen, Südamerika oder nach Afrika.

Ausbeutung a Privatstéit, an der Restauratioun, um Bau

Déi meeschte Fraen, déi Affer si vum Mënschenhandel, schaffen zu Lëtzebuerg a privaten Haushälter, liewe mat der Famill zesummen a si siwen Deeg op siwen, 24 Stonnen op 24 disponibel fir am Stot ze botzen, ze kachen a fir d'Kanner ze betreien. Si kréien een Täschegeld, dat heescht e puer honnert Euro de Mount, seet d'Vertriederin vu COTEH. D'Männer schaffen dacks an der Restauratioun oder am Bausecteur. D'Affer vun der Prostitutioun kontaktéiere seelen déi zwee Servicer, betount d'Vertriederin vu COTEH.

Déi Mënschen, déi zu Lëtzebuerg d'Affer si vum Mënschenhandel, hätte keng Openthaltsgeneemegung a kéime meeschtens mat engem Touristevisa op Lëtzebuerg, deen dräi Méint gülteg ass. Si si weder sozial verséchert nach hunn se eng Krankeversécherung, esou COTEH.

Psychosozial Betreiung bis zum Uerteel

COTEH a SAVTEH kënnen eng psychosozial Betreiung ubidden. Frae kréien an de Fraenhaiser een Daach iwwert dem Kapp. Do kënnen se och vun de Mataarbechterinne begleet ginn:

"Fir d'Männer hu mer fir den Ament keng Struktur, si kréien eng Plaz an de Studioen déi mir lounen a kréie Geld fir d'Iessen ze bezuelen. Esou eng Struktur fir Männer soll awer an d'Liewe geruff ginn."

D'Servicer begleeden d'Affer bis zum Appellsprozess, wa bis een Uerteel gesprach gouf, präziséiert d'Vertriederin vu COTEH. Nieft der Wunneng, geet et drëm d'Openthaltsgeneemegung an d'Pabeieren an d'Rei ze setzen.

Konventioun vum Europarot hat ee positiven Impakt

Virun der Konventioun vum Europarot iwwert de Kampf géint de Mënschenhandel hätt ee guer keng Méiglechkeet gehat deene Läit ze hëllefen. Duerch den Agreement mam Chancëgläichheetsministère hunn d'Servicer SAVTEH a COTEH Poste mat am Ganze 60 Stonnen d'Woch accordéiert kritt.

Weider wier d'Problematik méi bekannt ginn duerch déi speziell Formatiounen déi den INAP, den Institut national d'administration publique, véier Mol am Joer organiséiert, esou d'Vertriederin vu COTEH.

(NDLR: Aus Sécherheetsgrënn wollt d'Vertriederin vu COTEH anonym bleiwen)


Den Interview vum Carole Schimmer mat der Vertriederin vu COTEH:

Lauschterenplay_arrow