Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënschenhandel zu Lëtzebuerg

Kriminalitéit

Mënschenhandel zu Lëtzebuerg

Och zu Lëtzebuerg ass de Phänomen vum Mënschenhandel eng Realitéit. All Joers ginn et am Duerchschnëtt aacht bis zwielef Fäll. Fir dëse Problem besser ze bekämpfen, gesäit d'Regierung eng Sensibiliséierung-Campagne, en nationalen Aktiounsplang an eng verstäerkte grenziwwergräifend Kooperatioun mat de Benelux-Staate vir.

auto_stories

4 min

(Foto: © Picture Alliance / Alvaro Fuente)

Mënschenhandel ass eng komplex Strofdot, iwwert déi di rezent Campagne “Stop Traite” vum Comité de Suivi vun der Bekämpfung vum Mënschenhandel och hei zu Lëtzebuerg sensibiliséiere wëll. All Mënsch kann Affer vum Mënschenhandel ginn, och hei zu Lëtzebuerg - an och Lëtzebuerger. Den Terme “Mënschenhandel” ass e Sammelbegrëff fir verschidde Praktiken, esou de Joseph Sadler, Commissaire en Chef bei der Police Judiciaire.

Déi sexuell Ausbeutung wier schwéier ze bekämpfen. “Leit wëlle jo ëmmer hiert Geld verdéngen a wëssen net, op wat se sech aloossen”, sou de Polizist. “Wat awer a mengen Ae méi bedeitend ass, ass d’Aarbechtsausbeutung. Exploitation du travail. Do hu mer eng grouss Groziffer.” Aner Forme vu Mënschenhandel wieren d’Mendicitéit an den Organhandel. D’Strofdot “Mënschenhandel” besteet aus dräi Elementer: d’Ausnotzen an d’Zwénge vun engem Mënsch, grad ewéi den aktive Versuch, dëse Mënsch an exploitativ Verhältnisser anzebannen.

Net all Affer gëtt detektéiert

Zënter 2010 goufen et zu Lëtzebuerg 17 Condamnatioune wéinst Mënschenhandel. Problematesch sinn d’Enquêtë wann d’Affer net identifizéiert wëlle ginn, oder wann de Mënschenhandel viru Geriicht net nogewise ka ginn. Dacks gesinn sech Affer vum Mënschenhandel selwer net als Victime un.

Zu Lëtzebuerg ginn et all Joers am Duerchschnëtt aacht bis zwielef Affer. Mee et ass schwéier, d’Zuel vun den Affer genee festzeleeën, wëll net all Affer detektéiert gëtt. “D’Police muss fir d’éischt Victime sichen, fannen a se bewegen ze temoignéieren, Plainte ze féieren”, sou de Commissaire Joseph Sadler.

Wat steet am Gesetz?

D’Gesetz, dat d’Protektioun an d’Assistance vun den Affer vu Mënschenhandel virgesäit, gouf eréischt 2009 agefouert. Dëst Gesetz gesäit vir, datt Affer vu Mënschenhandel d’Recht op Assistance hunn, och wann hir administrativ Situatioun zu Lëtzebuerg net regulariséiert ass.

D’Gesetz fuerdert och eng Rei Strukturen, déi sech ëm d’Affer vu Mënschenhandel këmmeren, dorënner d’asbl. “Femmes en Détresse”. Déi 20 Leit vun hirem Service d’assistance aux victimes de la traite (SAVT) http://fed.lu/wp/ begleeden d’Affer: “mat hinne bei den Affekot goen, medezinesch Versuergung, se ënnerbréngen, kucke wéi et geet mat de Liewensmëttelen, se bei e Psycholog oder Dokter begleeden, bei den administrativen Demarchen – zum Beispill fir en titre de séjour ze kréien - hëllefen, hinnen nolauschteren”, erkläert d’Direktesch Joëlle Schrank.

International Bekämpfung vu Mënschenhandel

Ufank Dezember hunn d’Benelux-Staaten zu Lëtzebuerg eng déclaration d’intention ënnerschriwwen, fir eng besser grenziwwergräifend Kollaboratioun z’erméiglechen. Grenziwwergräifend am Beräich vum Mënschenhandel ze schaffe wier vu grousser Bedeitung, mengt de Justizminister Felix Braz. “Et muss ee sech géigesäiteg Informatioune kënne ginn, notamment an der polizeilecher Aarbecht en vue vu jucidiaire Prozeduren. Dat ass bei deem heiten Dossier besonnesch wichteg”, sou de Minister.

Um nationalen Niveau soll an noer Zukunft en Aktiounsplang fir d’Bekämpfung vum Mënschenhandel vum Regierungsrot ugeholl ginn. Leschte Summer huet e Rapport vum US-amerikaneschen Ausseministère déi lëtzebuergesch Strategie am Beräich vun der Bekämpfung vu Mënschenhandel kritiséiert. Duerch en nationalen Aktiounsplang, eng nei Sensibiliséierungs-Campagne an eng méi enk Kooperatioun um Niveau vun de Benelux-Staaten soll sech déi lëtzebuergesch Strategie verbesseren.