Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéieng Garantie fir d'Recht, Rechter ze hunn?

Mënscherechter

Wéieng Garantie fir d'Recht, Rechter ze hunn?

D'Mënscherechtskonventioun vu 1950, d'europäesch Grondrechtscharta an de Mënscherechtsgeriichtshaff ginn net méi duer, fir de Respekt vun de Mënscherechter ze garantéieren. Doriwwer ware sech rezent dräi Akademiker eens bei enger Zeremonie vun der UNESCO-Chaire fir Mënscherechter op der Uni Lëtzebuerg. Flüchtlingen, Terrorismus an divers "Exiten" sinn d'Erausfuerderungen.

Charlotte Wirth / fa /ckl

auto_stories

3 min

"D’Mënscherechter esou verankerem, datt se fir jidderee gëllen – ob EU-Bierger oder net" (©Bigstock)

Laang wieren d’Mënscherechter an Europa keen Thema méi gewiescht – op jidder Fall net méi wann et ëm Problemer an Europa gaang ass. "Et huet een sech iwwer d'Situatioun vun de Mënscherechter a Nordkorea, Ruanda oder em Iran opgereegt", sou de Georg Mein Doyen vun der Fakultéit Geeschteswëssenschaften. Mënscherechtsproblemer an Europa wieren esou ugesinn, wéi wann se geléist wieren.

D’europäesch Mënscherechtskonventioun vu 1950, den europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff an d’Grondrechtscharta vun der europäescher Unioun, hätten d’Mënscherechter an Europa och bis viru Kuerzem garantéiert. Dat hätt sech awer an deene leschten annerhallwe Joere geännert.

Europa am Däiwelskrees?

Dat seet niewt dem Georg Mein och den Ambassadeur fir Mënscherechter am Ausseministère, de Conrad Bruch. "Et huet een an der Tëscht d'Impressioun, datt onst Europa amgaang ass an en Däiwelskrees ze falen", seet  hien. D'Montée vun de Populismë wier begleet vun Haasspriedegten a xenophoben a rassisteschen Aktiounen.

Gläichzäiteg géing een eng gewëss Erosioun vum Rechtsstat feststellen, als Widderstand géint d'terroristesch Menace esou de Conrad Bruch. "De Spektrum vu 'Grexit', 'Brexit' an aner Exiten, an de ganz reelle Risiko fir de Schengen-System vun den oppene Grenzen, ënnergruewen d'Prinzipien an d'Basen, op deenen d'europäesch Unioun gegrënnt gouf."

Flüchtlingskris als Test

Hält sech Europa selwer nach un dat, wat se Drëttstaate priedegt? Ass Europa nach ëmmer d'Avant-Garde wann et ëm d'Verdeedegung vun de Mënscherechter geet? Op dës Froen, déi de Conrad Bruch selwer opgeworf huet, huet hien dat hei geäntwert: "Kommt mir sinn éierlech, während all deene relativ friddleche Joeren nom kale Krich, war et éischter einfach fir eis Europäer, fir grouss moralesch an humanitär Prinzipien ze proklaméieren! Dat ass däitlech méi schwiereg ginn, elo wou Réfugiéen op der Sich no internationaler Protectioun sech bousculéiere fir bei eis eranzekommen."

Den Doyen vun der Fakultéit fir Geeschteswëssenschaften op der Uni Lëtzebuerg, de Georg Mein, mengt och d’Rechter vun de Flüchtlinge selwer géingen an den ëffentlechen a politeschen Debatten iwwert Flüchtlingskris seelen am Vierdergrond stoen.

Eng Garantie fir d'Recht, Rechter ze hunn

Dem Georg Mein no, missten d’Mënscherechter esou verankert ginn, datt se fir jidderee gëllen – ob EU-Bierger oder net. "Mënscherechter kritt een net vun engem an dowéinst kënnen se engem och vu kengem ewechgeholl ginn." D’Recht, Rechter ze hunn, misst dem Doyen op der Uni Lëtzebuerg no, vun enger politescher Communautéit garantéiert an institutionaliséiert ginn. An dat wier d’Aufgab vun der europäescher Unioun.

De Jean-Paul Lehners, Professer an Titulaire vun der UNESCO-Chaire bei der Uni Lëtzebuerg ass iwwerdeems der Meenung, datt d’Konzept vun de Mënscherechter zimlech vague gi wier. Hien huet d’Fro opgeworf, ob et Zäit wier d’Konzept ofzeschafen oder z’ersetze mat Referenzen op präzis Artikelen.

Eng nei universell Deklaratioun?

Dem Jean-Paul Lehners no, hätt d’Recht een Niveau, deen héich genuch wier, fir engem oder engem senger Famill seng Gesondheet, seng Educatioun, säi Wuelbefannen z’assuréieren. “Oder brauch een dann eng nei universell Deklaratioun oder nei regional Deklaratiounen oder nei Deklaratioune vu Rechts-Kategorien?”

Souwisou, géing et haut vill méi schwéier ginn, fir e Konsens ënnert den UNO-Memberstaten ze fannen, wéi dat nach 1948 de Fall war, esou de Jean-Paul Lehners.