Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mëssstänn an Alters- a Fleegeheemer

Joresréckbléck

Mëssstänn an Alters- a Fleegeheemer

D'Corona-Pandemie huet op strukturell Problemer an der Féierung vun Alters- a Fleegeheemer, esou wéi a Strukture fir Mënsche mat Behënnerung, opmierksam gemaach. Spezifesch an zwou Institutioune goufen et dëst Joer ëffentlech Konflikter, wéinst deenen et um Enn e Wiessel an den Direktioune gouf: am Blannenheem bei Miersch a bei der Diddelenger Fondatioun Kräizbierg.

auto_stories

4 min

Kuerz nom Deconfinement am Fréijoer gouf d'Féierung vum Blannenheem ëffentlech kritiséiert. Ausléiser ass e Besuchsverbuet wärend dem Confinement. Dobäi kënnt de Reproche vun enger ontransparenter Kommunikatioun.

Eng 30 Familljemembere vu Bewunner aus dem Blannenheem regroupéiere sech am Juni fir d'Demissioun vum Direkter Jean-Paul Grün ze fuerderen. Doropshin nennt de Verwaltungsrot den 8. Juni een neien Interimsdirekter.

Problematiken och scho viru Corona-Kris bekannt

Et ass ongewinnt, datt am soziale Secteur Elteren, Bewunner oder Mataarbechter ëffentlech op Mëssstänn hiweisen. D'Problematik am Blannenheem hätt et scho laang virun der Corona-Kris a villen Institutioune ginn, esou den OGBL-Gewerkschaftler Joel Delvaux vum Département Travailleurs Handicapés. Dat confirméiert och d'Mënscherechtskommissioun.

Wärend dem Confinement hätte betraffe Leit sech gemellt, fir iwwer Praktiken a Wunnstrukturen ze rapportéieren, déi elementar Mënscherechter violéiere géifen. D'Fabienne Rossler, Generalsekretärin vum CCDH:

"Et geet drëms, datt Personal, ouni sech unzemellen, an d'Kummere vun de betraffene Leit geet. Diere vun Zëmmeren, déi grouss opstinn, wann d'Leit hir Soine kréien a virdru ginn d'Leit nach ausgedoen a quasi plakeg do leie gelooss. An anere Fäll ginn d'Dieren einfach zougespaart, fir datt kee kann erausgoen. Leit gi systematesch a kollektiv gewien. Et kënnt ëmmer erëm vir, datt erwuesse Leit geduuzt ginn a wéi kleng Kanner behandelt ginn. Persounen, déi sech wollten opstelle fir d'Wale vum Delegué de résidence sinn ouni valabel Begrënnung ecartéiert ginn. An da gëtt et och Fäll, wou Leit, déi sech net richteg kënnen ausdrécken an dofir oft jäizen, einfach emol mat Medikamenter roueg gestallt ginn."

Reklamatiounen an der Fondatioun Kräizbierg

Och zu Diddeleng an der Fondatioun Kräizbierg huet d'Pandemie en interne Konflikt visibel gemaach. Éier de Konflikt ëffentlech gouf, sot den deemolegen Administrateur-Delegué Jeannot Berg: "Am Confinement ware mir d'Retter, déi vulnerabel Leit a Schutz geholl hu virum Virus. Am Deconfinement musse mir oppassen, net ugesinn ze gi wéi en Agent pénitentiaire am Prisong."

De Verglach mam Agent pénitentiaire sollt onglécklech ausgewielt sinn: den OGBL an d'Personaldelegatioun hu kuerz no deem Interview Reproche géint d'Direktioun ëffentlech gemaach. Personal an Usageren hunn dem Jeannot Berg an dem Direkter vun den Atelieren en autoritären an onmënschleche Féierungsstil virgeheit.

Enn September hunn eng 150 Persoune virum Siège vum Kräizbierg demonstréiert. Am Oktober huet den OGBL gesot, et géifen eng hallef Dose Reklamatioune gi wéinst sexuellen Avancen duerch de Jeannot Berg.

Féierungswiessel Enn November

D'Personal gouf op Enn November vertréischt bis en externen Audit ofgeschloss wier. D'Personaldelegéiert Daniela Willems sot den 11. November:

"Die Wartezeit ist mittlerweile sehr lange, das ist auch ein erdrückendes Gefühl beim gesamten Personal, in einer Warteschleife zu hängen. Für uns ist der geplante 26. November noch ein sehr langes Datum. Wir erwarten uns, dass in den nächsten Tage weitere Ergebnisse kommen."

Enn November war den Drock dunn ze grouss. De Conseil huet sech vun den zwee ëmstriddenen Direktiounsmemberen getrennt.

Ministèrë géife Responsabilitéit matdroen

Um Kräizbierg wéi beim Blannenheem war d'Corona-Pandemie den Ausléiser fir op strukturell Defiziter am soziale Secteur hinzeweisen.

De Joel Delvaux ass der Meenung, datt déi zoustänneg Ministèrë bei Problemer eng Responsabilitéit hätten, wéinst der staatlecher Matfinanzéierung vun de privaten Institutiounen. Bis elo ass d'Politik awer nach net op d'Fuerderung vun der Mënscherechtskommissioun agaangen, fir en Audit vum Secteur ze maachen.