Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Altin Gün - Vallahi Yok

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mëttelfristeg" Covid-Schnelltester am Supermarché

Schnelltester

"Mëttelfristeg" Covid-Schnelltester am Supermarché

Zanter de leschter Woch test d'Santé Covid-Schnelltester, déi mat Spaut gemaach ginn. De Santésdirekter Jean-Claude Schmit geet dovun aus, datt et esou Tester mëttelfristeg an de Supermarchéë wäert ze kafe ginn. Zwar wieren se warscheinlech manner zouverlässeg wéi déi gängeg Schnelltester. Dofir hätte si aner Virdeeler, sou den Dirketer vun der Direction de la Santé.

auto_stories

2 min

Den Haaptvirdeel vum Spauttest läit op der Hand: eng speziell Formatioun ass net néideg, well e méi einfach ze maachen ass, wéi een Test an der Nues oder am Hals, sou de Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé.

Mee do wou den Test méi einfach ze realiséieren ass, verléiert en un Zouverlässegkeet. Een negatiivt Resultat bei engem Spaut-Test ka falsch sinn, an d'Persoun déi getest gouf also awer de Virus hunn. De Jean-Claude Schmit gesäit awer a punkto Sensitivitéit just ee klengen Ënnerscheed zu de Schnelltester déi am Sport agesat ginn, déi als manner sécher gëlle wéi d'Tester an der Nues oder am Hals.

"Déi si wahrscheinlech ganz liicht manner gutt wéi déi klassesch Schnelltester, mee wann een een Test dann huet, dee vill méi einfach ze benotzen ass, deen ee puer mol am Dag oder puer mol an der Woch ka benotzen ouni Problemer, dat kompenséiert fir aner Defauten."

An den nächsten Deeg soll d'Evaluatioun vun der Santé zu de Spauttester ofgeschloss sinn. Se kéinten dann an de Schoulen oder bei de Visiteuren an Altersheemer agesat ginn, mee och am reng private Beräich, doheem, op der Aarbecht oder bei Manifestatiounen. Hie geet dovun aus, datt een déi Tester an Zukunft am Supermarché kafe kann, sou de Jean-Claude Schmit.

Spauttester géifen awer och Diskussiounen opwerfen, um Niveau vum Aarbechtsrecht zum Beispill, an. Et misst een sech zum Beispill d'Fro stellen, ob domat net eng Zwee-Klassegesellschaft géif geschafe ginn, sou de Jean-Claude Schmit.