Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Whitney - Kansas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Lëtzebuergescht muss an der Gesellschaft verankert ginn"

Sprooch

"D'Lëtzebuergescht muss an der Gesellschaft verankert ginn"

D'Schoul géif déi wichtegst Roll spillen, fir d'Sprooch an der Gesellschaft ze verankeren, sot de Peter Gilles un der Uni.lu an der Diskussioun mam Michel Weimerskirch vum Projet Spellchecker.lu. Hien ass sengersäits der Meenung, dass d'Regierung mat hirer Promotiounsstrategie fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze séier gehandelt hätt.

auto_stories

2 min

Peter Gilles a Michel Weimerskirch

De Peter Gilles präziséiert: "D'Fërdere vum Lëtzebuergeschen an der Schoul muss net bedeiten, datt Lëtzebuergesch ee komplett Sproochefach gëtt, wéi Däitsch oder Franséisch". Et sollt awer iwwert d'Ubidde vun Optiounscoursen am Secondaire erausgoen". Mat der Strategie fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch wëll d'Regierung, eegenen Aussoen no, hiert Engagement fir d'Sprooch nach eemol verstäerken. An engem 20-Jores-Plang si 40 eenzel Mesurë virgesinn, déi d'Lëtzebuergescht an Zukunft solle fërderen.

Keen Austausch mat de Leit um Terrain

De Michel Weimerskirch, Grënner vum Projet Spellchecker.lu, ass der Meenung, datt d'Regierung ze séier gehandelt hätt. "De Plang kënnt oniwwerluecht eriwwer. Den éischte Punkt vum Strategiedokument schwätzt dovun, datt eng Strategie muss ausgeschafft ginn". Et kéint een net vun enger Strategie schwätzen, wann een nach net mat de Leit um Terrain geschwat hätt.

De Michel Weimerskirsch huet viru gutt eelef Joer de Projet Spellchecker.lu an d'Liewe geruff. Ronn 2.900 Leit benotzen den online Verbesserer all Dag. Eng Kooperatioun mam Ministère wier bis ewell awer net méiglech gewiescht, esou den Informatiker. "Ech hätt gären Accès op d'Datebank vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire, dem LOD, fir mäin Outil zu verbesseren". Den Accès op d'Datebank géif hien awer eréischt kréien, wann den Dictionnaire fäerdeg wier.

Open-Data-Léisung

Wéini de Lëtzebuerg Online Dictionnaire fäerdeg gëtt, konnt och de Peter Gilles net beäntwerten. Virgesi war 2014. De Member vum "Conseil permanent de la langue luxembourgeoise", deen ënnert anerem och d'Ausschaffe vum LOD soll koordinéieren, ass fir eng Open-Data-Léisung. "'t ass wichteg, datt déi Donnéeën, déi et am Lëtzebuergesche gëtt, ëffentlech disponibel sinn". Deemno kéinten och aner Interesséierter, wéi zum Beispill de "Spellchecker", domadder schaffen. Dem Pabeier vun der Regierung no soll den Dictionnaire 2018 fäerdeg sinn, an och am Open Data accessibel sinn.

Kee konkreten Zäitplang

Déi verschidde Mesuren, déi d'Regierung, fir d'Sprooch ze fërdere presentéiert huet, sollen duerch eng méi enk Zesummenaarbecht tëschent engem neien Zentrum fir d’Lëtzebuergescht an der Uni Lëtzebuerg ëmgesat ginn. Konkret Projeten an e konkreten Zäitplang géif et fir déi Zesummenaarbecht awer nach net, esou de Sproochenexpert op der Uni.lu. Datt d'Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch awer positiv wier, doriwwer si sech de Peter Gilles an de Michel Weimerskirsch eens.