Radioen

On air

Tockcity  |  Babe Rainbow - Obsession

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Terraine vun 30 Milliounen Euro ginn un de Staat

ArcelorMittal

Terraine vun 30 Milliounen Euro ginn un de Staat

Stol an Eisenäerz ass am Moment esou bëlleg, wei scho laang net méi. Dat bréngt vill Stolproduzenten an eng schwiereg Situatioun. Och ArcelorMittal ass dovu betraff. De Michel Wurth, President vun ArcelorMittal Lëtzebuerg, geet dësweideren op een Deal tëscht dem Stolkonzern an der Regierung iwwer de Verkaf vun Terrainen an. Een Deel dovun ass net sanéiert.

auto_stories

6 min

"Et ass wichteg een Deel vu senge Rohstoffer selwer ze kontrolléieren", sou de Michel Wurth.

Bei de Verhandlunge mat der Regierung iwwer d'Kapitalerhéijung bei ArcelorMittal ass een Deal iwwer d'Terraine vum Stolkonzern zustaan komm. ArcelorMittal verkeeft dem Staat Terrainen am Wäert vun am Ganzen 30 Milliounen Euro. Dat sot de President vum Verwaltungsrot vun ArcelorMittal Lëtzebuerg, de Michel Wurth, am Interview mam Rick Mertens.

Verschidden Terrainen, déi de Staat keeft, mussen awer nach sanéiert ginn. De Stolproduzent géiff déi Sanéierungen “economesch” iwwerhuelen, esou wéi dat an de Gesetzer virgesinn ass. Verschidden Terrainen, géifen awer scho verkaf ginn, éier se fäerdeg sanéiert sinn. Des Terrainen géif de Staat dofir "ganz gënschteg" kréien, esou de Michel Wurth: D’Käschte fir d’Sanéierung géif nämlech vum Verkafspräis ofgezu ginn.

Stol: "Terribelen Verfall vun de Präisser"

Arcelor Mittal ass, méi generell, am Moment an enger schwiereger Situatioun. D'Zuele weisen: D’läscht Joer goufe bal aacht Milliarden Dollar Verloscht gemaach. Virun zéng Joer, wei Mittal an Arcelor fusionéiert hunn, goufe dogéint nach grouss Gewënner gemaach. Dat géif awer net heeschen, datt zanter der Fusioun "eppes schif gelaf wier", sou de Michel Wurth. "ArcelorMittal huet et fäerdeg bruecht sech als weltwäite Leader opzestellen".

Während därselwechter Zäit wier awer och d'Kris vun 2008 komm. "Wa mer haut d'Stolproduktioun an Europa kucken, da leie mer nach ëmmer 25 Prozent ënnert dem Resultat vun 2007", sou de Michel Wurth. Dobäi ass een, wéi de Michel Wurth seet, "terribelen Verfall vun de Präisser" komm. D'lescht Joer sinn d'Stolpraisser weltwäit ëm 45 Prozent gefall.

Minnen "haut manner wäert"

Parallel zum Stolpräis ass och dee vum Eisenäerz gefall. Och dat betrëfft ArcelorMittal: Der Entreprise gehéieren och eng Rei Minnen, déi "haut manner wäert sinn, wéi virdrun". Et wier awer strategesch richteg gewiescht, eben och op d'Minnen ze setzen. "Et ass wichteg een Deel vu senge Rohstoffer selwer ze kontrolléieren", sou de Michel Wurth.

ArcelorMittal huet zwee verschidde Typen vu Minnen. Déi eng leien direkt nieft enger Schmelz, zum Beispill an der Ukrain oder am Kasachstan. "Déi Schmelzen kéinten net fonctionnéieren wa se net direkt Eisenäerz hätten", sou de Michel Wurth. Aner Minnen vun ArcelorMittal, zum Beispill a Kanada oder Liberia, sinn um internationale Marché aktiv. "An déi gehéieren zu de kompetitiivsten a schreiwen trotz de niddrege Präisser och schwaarz Zuelen", erkläert de President vun ArcelorMittal Lëtzebuerg.

Den Avantage selwer Minnen ze hunn wier haut méi kleng, seet de Michel Wurth, allerdéngs wier d'Strategie, sou ze fueren, gutt gewiescht "well d'Wäertschöpfung vill méi grouss ginn ass".

Kierchbierg: "Regierung wëlleg ze verlängeren"

Fir d’Entreprise erëm op Trapp ze bréngen, huet ArcelorMittal ee Plang ausgeschafft, „Action 2020“, an eng Kapitalerhéijung decidéiert, duerch déi dräi Milliarden Dollar zesummekomm sinn, dovun eng Milliard vun der Famill Mittal an 65 Milliounen vum Lëtzebuerger Staat. "Et ass drëm gaang no der schwiereger Zäit rëm mat engem zolitte Bilan do ze stoen", sou de Michel Wurth.

Wat dat zukënftegt Gebei um Kierchbierg ugeet, sou kritt ArcelorMittal den Terrain iwwer dee Bail emphythéotique vum 75 Joer. "Wa mer dann nach eise Siège um Kierchbierg hunn a mer wëlle weiderfueren, dann ass Regierung wëlleg eis de Bail ze verlängeren", sou de President vun ArcelorMittal Lëtzebuerg am Interview mam Rick Mertens.

Chèque-repas: "Méi bëlleg wéi einfach Lounerhéijung"

De Michel Wurth ass och President vun der UEL – der Unioun vun den Entreprisen UEL. An där Funktioun huet hien ënnerstrach, datt d’Steierreform virun allem de Menagen ze gutt kënnt. Hien begréisst awer ganz konkret d’Decisioun fir d'Cheques-repasen ze revaloriséieren: Dëst wier souwuel gutt fir d'Stéit wéi fir d’Entreprisen, sou de Michel Wurth. "Et ass eng intelligent Manéier fir d'Kafkraaft an d'Luucht ze drécken, an och gutt fir d'Entreprisen well op de Chèque-repasen gi jo keng sozial Leeschtunge bezuelt, sou datt et méi bëlleg ass fir d'Entreprisen wéi einfach eng Lounerhéijung", sou de Michel Wurth.

Positiv fënnt de Michel Wurth och, datt d'​Entreprisen Previsibilitéit kréien a punkto internationaalt Steierëmfeld. D'Regierung huet de Patronatvertrieder jo eng Clause de rendez-vous proposéiert. Iwwert ee Monitoring sollen d'Konsequenzen vun, zum Beispill dem BEPS-Projet analyséiert ginn. D'Betriebsbesteierung soll dann ugepasst ginn.