An Island wier d'Aarbechtszäit a ville Beräicher gekierzt ginn, erkläert d'Michelle Cloos. An all Secteur wier och zesumme mat de Gewerkschafte gekuckt ginn, wéi een dat kéint ëmsetzen.
"An d'Resultat ass immens positiv: Wäit iwwer 80 Prozent vun de Leit kënne mëttlerweil op esou eng Aarbechtszäitverkierzung zu vollem Lounausgläich zeréckgräifen. Et ass also méiglech, et ass eng Fro vu politeschem Wëllen."
D'Michelle Cloos gëtt zou, datt een hei op Problemer stousse kéint, "mee da muss ee se léisen". D'Pandemie hätt gewisen, "dat vill Saachen, déi mir fir onëmsetzbar gehalen hunn, a Wierklechkeet machbar sinn."
Nieft enger Reduzéierung vun der Aarbechtszäit fuerderen d'Organisatricë vum Fraestreik och, datt Fraen déi selwecht Salairë kréien ewéi d'Männer.
D'Fuerderungen net zeréckstellen
D'Plattform JIF stellen de Krich an der Ukrain bewosst net an de Mëttelpunkt vum Fraestreik de Mëtteg. Natierlech géif ee sech solidaresch mat alle Fraen erklären, déi ënner Kricher leiden, esou d'Michelle Cloos vun der JIF.
D'Iddi vum Fraestreik wier et awer Fuerderungen an de Virdergrond ze stellen, iwwer déi soss net genuch geschwat gëtt, erkläert si.
Et hätt een dofir net wëllen "an d'Fal tappen", dës Fuerderungen nees zeréckzestellen.
De Fraestreik geet um 5 Auer de Metten op der Stater Gare un. De Cortège zitt duerno duerch d'nei Avenue an d'Stad.