Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Tulipe (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Migratioun: Nei Proposen, al Sträitpunkten

EU-Politesche Wocheréckbléck

Migratioun: Nei Proposen, al Sträitpunkten

Ee vun den Haaptsträitpunkten an der EU ass d'Migratiounspolitik. D'Reform vum EU-Asylsystem ass zanter Jore blockéiert. Déi nei Kommissioun wëllt een neien Ulaf huelen. Iwwer eventuell nei Iddie wollt si bis elo net vill verroden. Kënnt elo den Duerchbroch? Wat proposéieren d'Memberlänner als Léisung? Dorop kucke mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

5 min

D'Danièle Weber ass 100,7-Korrespondentin zu Bréissel. Foto: Elke Weber (Archiv)

D'Länner an der Europäescher Unioun gi sech net eens driwwer, wéi eng Zort Migratiounspolitik si wëllen. Gëtt iwwerhaapt nach seriö un enger Léisung geschafft? Oder huet een d'Saach opginn?

Et gëtt erëm driwwer geschwat an zwar reegelméisseg. D'Reform vum Europäeschem Asylsystem ass zanter 2016 geplangt Si ass dréngend noutwenneg, do ass ee sech plus ou moins eens. Dee sougenannten Dublin-System, dee seet, datt dat EU-Land, wou de Refugié als éischt ukënnt, och zoustänneg ass fir den Accueil, d'Asylprozedur asw, funktionéiert net.

D'Diskussioun iwwer déi Reform gëtt reegelméisseg, wann och mat wéineg Succès gefouert. Nach dës Woch stoung dee Punkt um Ordre du jour vun den Inneministeren, e Méindeg an Dënschdeg zu Bréissel. Déi nei EU-Kommissärin fir d'Innepolitik d'Ylva Johannsson sot, et géif Signaler ginn, datt d'Länner elo wierklech eng Léisung fanne wéilten.

Och de Margaritis Schinas, EU-Kommissär en Charge vun der Migratioun, huet sech zouversiichtlech gewisen. Allerdéngs war dat vläicht éischter e Versuch, Optimismus um Ufank vun där neier Kommissioun ze verstreeën, well seriö Unzeechen dofir, dat sech wierklech eppes deet, gëtt et am Fong net.

Déi zwee Kommissäre schaffen un engem sougenannte Pakt fir Migratioun an Asyl. Iwwer de Contenu vun deem Pakt ass bis elo sou gutt wéi näischt bekannt.

Heescht dat da "back to zero". Also fänkt een nees vir un?

Dat ass onwarscheinlech. Et wäert ee wuel probéieren op deem opzebauen, wat bis elo um Verhandlungsdësch läit.

Déi Finnesch Presidence vun der EU hat viru Kuerzem ee Resumé gemaach an opgeschriwwen, op wéi enge Punkten ee sech eens ass: Dat ass virun allem de Constat, datt d'Asyl-Prozedur méi effikass muss ginn.

Eens ass ee sech och doriwwer, datt den aktuelle System keng fair Verdeelung vu Refugiéen an der EU garantéiert. Do hält et dann awer schonn op: Well d'Meenungen, wéi een d'Flüchtlingen aneschters an der EU verdeele kéint, ginn auserneen. Gestridde gëtt doriwwer, ob ee soll just ee Noutsystem aféiere fir eng Ëmverdeelung, oder awer déi ganz Prozedur iwwerdenken.

Dat Lescht géif eng obligatoresch Verdeelung vu Flüchtlingen an der EU mat aschléissen. Mat anere Wieder: et géif ee Quoten aféieren. Dat Wuert Quoten ass allerdéngs esou verhaasst bei verschiddene Länner, datt och déi, déi se wëllen aféieren, et net méi an de Mond huelen.

Gett et da konkret Proposen vun de Memberlänner, wéi d'Reform kéint ausgesinn?

Dës Woch huet den däitschen Inneminister Horst Seehofer säi Model presentéiert. Dora sinn effektiv indirekt och Quote virgesinn, och wann hien dat Wuert net esou gebraucht.

Deem Modell no géife Refugiéë vun enger europäescher Agence op de Baussegrenzen enregistréiert, do géif festgestallt ob se prinzipiell als Demandeur d'asyle a Fro kommen, da géif déi Agence engem bestëmmte Schlëssel no des Refugiéen a verschidden EU-Länner schécken, an déi wieren da fir d'Asylprozedur zoustänneg.

Frankräich schéngt domat net d'Accord ze sinn, an huet och eng Propose gemaach. Fir Frankräich wieren déi Länner, wou d'Refugiéen als éischt kommen, weider an der Flicht. Frankräich fënnt och, datt ee Länner, déi net bei der Verdeelung vu Flüchtlinge matmaache wëllen, d'Méiglechkeet sollt ginn, sech duerch finanziell Bäiträg solidaresch ze weisen. Mat anere Wieder: si kéinte sech fräizekafen. Alles dat si keng nei Iddien, si ware scho mol esou am Gespréich.

Entretemps arrangéiert sech d'Situatioun vun de Flüchtlingen net: Aus Griicheland kommen alarmant Nouvellen an och a Libyen gëtt et keng positiv Entwécklungen?

Den Direkter vun der Internationaler Organisatioun fir d'Migratioun, den Antonio Vitorino huet dës Woch de Rapport am Europaparlament gemaach an Alarm geschloen iwwer d'Situatioun op de griicheschen Inselen.

Den Envoyé spécial vum Uno-Flüchtlingshëllefswierk UNHCR war zu Bréissel an huet d'Journalisten iwwer d'Situatioun a Libyen gebrieft. Déi huet sech och net verbessert, am Contraire. Hie sot ganz däitlech: d'UNO kéint ënner den aktuelle Bedingunge keng gutt Aarbecht a Libyen maachen.

Mir wëssen, datt d'Situatioun an de Campen dramatesch ass. Hien huet confirméiert, datt dat plazeweis nach ëmmer genee esou ass . Et gëtt eng nei Tendenz: Flüchtlinge bezuele Passeure fir a Campen ënnerbruecht ze ginn. Well si dovun aus ginn, datt si, wa se do enregistréiert ginn, besser Chancen hu fir aus Libyen erauszekommen.

Déi Chancë si ganz kleng: A Libye gëtt et den Ament 46.000 enregistréiert Refugiéen, déi drop hoffen, relokaliséiert ze ginn. Et gëtt awer just ronn 2.400 Plazen, déi der UNO zur Verfügung stinn. Deemno kéime mol net fënnef Prozent iergendzwousch ënner.

Italien war hei iwweregens dat eenzegt EU-Land, wat gesot huet: mir huele Refugiéen aus Libyen.

Do gesäit een, wéi scho bal aussiichtslos déi Situatioun op der Plaz ass, an och datt de Wonsch vun der EU, et sollt een a Libyen méi mam UNHCR zesumme schaffen, een ass, deen d'EU kann hunn, deen awer um Terrain seng kloer Limitten huet.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.