Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mineurs non-accompagnés hoffen op Flüchtlingsstatut

Flüchtlingssituatioun

Mineurs non-accompagnés hoffen op Flüchtlingsstatut

Matzen am Confinement goufen am Abrëll zejoert zwielef onbegleet Mannerjäreger aus de griichesche Flüchtlingscampen op Lëtzebuerg relokaliséiert. Um Findel goufe si am Medieliicht vum Ausseminister Jean Asselborn empfaangen, éier et da mam Bus op Munzen an e Foyer vun der Caritas goung. Elo liewen déi Kanner a Jugendlecher bal ee Joer hei am Land - wéi gesäit hir Situatioun an hiren Encadrement den Ament aus?

auto_stories

4 min

Vun iwwer 5.000 onbegleete Mineuren op de griicheschen Insele sinn zéng Jongen an zwee Meedercher tëschent 11 a 16 Joer op Lëtzebuerg bruecht ginn, dëst am Kader vum EU-Relokalisatiounsprogramm.

Jiddwereen huet seng eege Geschicht

D'Caritas, déi d'Tutelle iwwer déi zwielef Mannerjäreger huet, ass beméit, déi Jonk virun enger Intrusioun an hir Privatsphär ze schützen.

De Farouk Licina, d'Carina Rodrigues an d'Nelle Koos vun der Caritas

Amplaz sinn et déi Erwuessen, déi si betreien, déi op eis Froen äntweren. Wat déi Jonk erlieft hunn, ier si op Lëtzebuerg komm sinn, kéint een net generaliséieren, seet de Faruk Licina, Responsabel vum Service Inclusion Sociale bei der Caritas:

"Il y en a ceux qui ont perdu les parents en cours de route, qui n'ont pas de contact (...) D'autres où les parents sont restés en Syrie ou Afghanistan, donc les jeunes sont partis chercher leur avenir seuls."

All Jonken hätt seng eege Geschicht, säin eegent Erliewtent an Trauma, op dat ee misst oppasse wärend dem Accueil, esou de Faruk Licina.

Dës Erausfuerderung vum Encadrement huet ënner anerem déi 28 Joer al Sozialaarbechterin Nelle Koos ze stäipen. Si ass Cheffe d'équipe vun engem Team vun aacht Encadranten, dat sech 24 Stonnen op 24 ëm déi Mannerjäreg këmmert:

"On ne remplace pas les parents, mais on fait tout ce qu'il faut de A à Z pour accompagner, encadrer, conseiller, protéger ces enfants dans la maison."

Déi Jonk maachen sech Drock

Am Gespréich verstoppt keen, datt d'Situatioun vun de Jonken eng schwiereg ass. Si wësse wéi vill Chance si haten, e Neistart zu Lëtzebuerg kënnen ze maachen.

Mee dat ass fir déi Jonk och eng Belaaschtung, wei d'Sozialaarbechterin Carina Rodrigues erzielt:

"Si leiden immens dorënner, well d'Famillen net sou gutt liewe wéi si hei. Si stellen sech och vill ënner Drock. Well si si Kanner a kënnen dat net geréieren, datt si lo gutt liewen, an d'Famill net... Schold, bëssen sou. Wisou ech? An net een aneren, mäi Brudder, meng Schwëster?"

De Faruk Licina beschreift déi Jonk als Erwuessener am Kierper vun engem Kand. D'Ëmstänn hätte si praktesch dozou gezwongen, eng Etapp an hirer Entwécklung ze iwwersprangen, a Responsabilitéiten an Ängschte vun engem Erwuessenen opzehuelen:

"Pour un éducateur, c'est important de trouver l'équilibre. Ne pas heurter leur sentiments, mais aussi faire attention, parce qu'ils ne sont pas aptes de tout supporter sur leurs épaules."

Hir Relatioun mat hirem Land an hirer Famill géing weider staark bleiwen. "La première chose qu'ils ont demandé: comment on peut envoyer de l'argent en Afghanistan, en Iran."

Et kéint ee sech schwéier virstellen, ënner wéi engem Drock déi Jonk stinn: den Effort dee vun hinnen erwaart gëtt, deen se vu sech selwer erwaarden.

Wéi packen si dat? D'Nelle Koos seet, et sollt ee si net ënnerschätzen: "Les jeunes ont beaucoup de ressources. Même s'ils ont vécu beaucoup de choses, il y a une sacré résilience aussi en eux."

Schoul a Musek als Integratiounsmëttel

Integratiounsefforte maachen déi Jonker all no hirem eegene Rhythmus. Am Summer si si a Franséischcourse gaangen, an zanter der Schoulrentrée am Lycée, respektiv Primärschoul, geléngen och déi éischt Wierder op Lëtzebuergesch.

D'Schoul ass ee wichtege Bestanddeel vum Sozialiséierung- an Integratiounsprozess, wéi d'Carina Rodrigues fënnt. Ënner anerem seet d'Caritas Mataarbechterin datt d'Musek, an dësem Fall de franséische Rap e Vecteur ass fir d'Sproch ze léieren.

Typesch jugendlech Thematike wéi Popkultur, a Kleedung spillen och eng méi grouss Roll an hirem Liewen:

"Am Ufank hu si net esou dorop opgepasst. Natierlech lo wou si an d'Schoul ginn, mierkt een, datt se bësse méi drop oppassen. Si wëlle selwer eraussichen, wéi eng Schong datt se wëllen, wéi eng Kleeder. Natierlech probéieren si sech och un deenen anere Jugendlechen unzepassen."

Hir Zukunft ass ongekläert

Ob déi zwielef jonk Mënschen hei am Land de Flüchtlingsstatut kréien, ass iwwerdeems nach net decidéiert. De Faruk Licina seet et géif "des éléments forts" ginn, fir datt si de Statut kréien, mee dat kéint een net zu 100 Prozent soen. Hir Situatioun wier eng "situation d'incertide":

"On se projette à l'avenir, mais il y a toujours un mais. On les rassure, tout l'engagement qu'ils font leur servira, quoi qu'il se passe."