Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Minimal Zousécherungen un d'Theresa May

EU-Sommet

Minimal Zousécherungen un d'Theresa May

D'EU geet ee klenge Schratt op d'Theresa May zou. Um EU-Sommet krut déi britesch Premierministesch zougeséchert, datt déi extra Reegele fir déi nordiresch Grenz wa méiglech sollen evitéiert ginn.

auto_stories

4 min

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker wëllt net op d'Fuerderunge vun der Theresa May agoen. Foto: Serge Kesseler.

Dat, wat d'Theresa May wollt, krut si gëschter net: E juristesch verbindlechen Text, an deem eng zäitlech Limite festgeschriwwe wier, mee dat wier fir déi 27 aner Memberstaaten net akzeptabel gewiescht, seet de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker am 100,7-Interview.

"Ech hunn d'Madame May déi lescht Woch dräi, véier Mol gesinn. Ech hunn hir ëmmer erëm gesot: 'Sot mir, wat dir braucht, fir datt Dir den Accord duerch d'Parlament kritt.' Dat, wat si freet, ass eigentlech eng Demissioun vun der EU, wat hir Positioun bis dohinner ubelaangt. Dat geet net."

Backstop: Just eng Noutléisung

Eng zäitlech Limite fir de Backstop: dat ass dat, wat zu London erwaart gëtt. Amplaz dovu maachen déi 27 an hire Conclusiounen e puer Zousécherungen, datt dee Backstop effektiv eng Noutléisung soll bleiwen.

Déi Léisung soll jo just dann a Kraaft trieden, wann ee sech net iwwer een Accord fir déi zukünfteg Relatiounen eens gëtt. An deem Fall géif ganz Groussbritannien an enger Zollunioun mat der EU bleiwen.

Sollt dee Backstop antrieden, géif ee sech dofir asetzen, datt dat just esou laang geschitt, wéi et strictement néideg ass, heescht et elo am Text.

De Ball läit bei Groussbritannien

Et wier een net vill weiderkomm, dat war gëschter Owend de Constat vum Premier Xavier Bettel: "Den Drock kann elo net op eis sinn. Et ass net un eis, dofir ze suergen, datt et net zu engem 'Nee' kënnt. Déi Decisioun kënnt aus Groussbritannien."

De Jean-Claude Juncker ass sech iwwerdeems bewosst, datt déi schrëftlech Zousécherungen den Deal a Groussbritannien éischter net rette wäerten: "Dat wat mir haut opgeschriwwen hunn, mengen ech net, datt dat spontan géif zu enger Approbatioun am britesche Parlament féieren. Dofir musse mir an den nächste Woche kucken, wat mir nach méi kënne maachen."

Wat dat ka sinn, ass iwwerdeems nach net kloer. D'Kommissioun wäert allerdéngs den nächste Mëttwoch Informatioune ronderëm een No-Deal, also fir de Fall, wou et net zu engem Accord kënnt, publizéieren.

Finanzen, Migratioun, Aussepolitik stinn och um Programm

Haut um Freideg sollen d'EU-Staats- a Regierungscheffen um EU-Sommet d'Verstäerkung vum Euro-Rettungsfong decidéieren. An Zukunft soll den ESM méi fréi kënnen aktiv ginn, fir Finanzkrisen ze vermeiden. "Mir mussen evitéieren, datt mir bei enger Kris wéi 2008 net preparéiert sinn", esou de Moien de Lëtzebuerger Premier. Am Gespréich sinn och eege Finanzmëttele fir d'EU, souwéi eng Finanztransaktiounssteier. Do wier Lëtzebuerg net d'Accord, esou de Xavier Bettel.

Fir de Premierminister Xavier Bettel kënnt eng EU-Finanztransaktiounssteier net a Fro. Foto: Serge Kesseler.

Een anert Thema zu Bréissel ass d'Migratioun: D'Progrèsen aus de leschte Méint wieren net riseg, huet de Xavier Bettel zouginn. D'Zuel vun de Flüchtlingen, déi illegal ukoumen, wier awer staark erofgaangen, dat wéinst de Mesuren, déi ee geholl hätt. Et ass net ze erwaarden, datt op dësem Sommet Decisiounen op deem Gebitt geholl ginn. D'EU bleift do wieder zerstridden.

Gëschter haten d'EU-Staats- a Regierungscheffe d'Wirtschaftssanktioune géint Russland eestëmmeg fir weider sechs Méint bis Enn Juli 2019 verlängert. Am Friddensprozess fir d'Ukrain hätten et rezent "null Fortschrëtter" ginn, esou den EU-Rotspresident Donald Tusk. D'Sanktioune sinn zanter 2014 a Kraaft. "Ech wier frou, wa mir och erëm eng Kéier mat Russland kéinte schwätzen, amplaz nei Sanktiounen ze decidéieren", esou de Premier Xavier Bettel virum Sommet.

Pluriannuelle Budget: Et léisst ee sech Zäit

D'EU léisst sech méi Zäit, fir iwwer den neie pluriannuelle Budget ze diskutéieren. Dat ass och eng Konklusioun vum Dag vu gëschter. De Budgetskommissär Günther Oettinger hat een Accord nach virun den Europawahlen am Mee d'nächst Joer viséiert. Um EU-Sommet krut hien elo eng offiziell Ofso. An de Konklusioune gëtt festgehalen, datt ee sech bis am Hierscht 2019 eens wëllt ginn.

De Brexit hannerléisst ee Lach an der Keess. Dem Günther Oettinger seng Propos, datt déi 27 EU-Länner méi missten abezuelen, ass awer ëmstridden. Verschidde Länner wéi Holland oder Schweden argumentéieren, datt de Budget mat engem Member manner sollt erof- amplaz eropgoen.


D'Danièle Weber am Panorama, de 14. Dezember um 7 Auer:

Lauschterenplay_arrow