Radioen

On air

De Moien  |  Cornershop - Brimful Of Asha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir brauche méi Beruffspompjeeën"

Rettungssdéngschter

"Mir brauche méi Beruffspompjeeën"

D'Zuel vun de Fräiwëllege bei de Pompjeeën a bei den Ambulanze geet zréck, d'Asëtz klammen. D'Reform vun de Services de secours soll jidder Bierger eng qualitativ Hëllef garantéieren an d'Situatioun verbesseren.

auto_stories

2 min

D'Reform vun de Rettungsdéngschter wäert spéitstens bis den 1. Juli kënnen ëmgesat ginn, seet de Paul Schroeder, Direkter vun de Services de Secours. Hie wier zouversiichtlech, datt dee complementairen Avis vum Staatsrot séier wäert virleien, fir datt dann iwwert de Gesetzprojet an der Chamber ofgestëmmt ka ginn.

Fir d'Problematik vum Transfert vu Material aus de Gemengen un deen neie Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) wier eng Léisung fonnt ginn. Eng finanziell Géigeleeschtung fir d'Gemenge wier net noutwenneg. Dat Material wier nämlech ganz spezifesch a kéint net fir en aneren Zweck benotzt ginn. Och no der Grënnung vum CGDIS géif dat Material also fir déi selwecht Zwecker benotzt ginn. D'Material, dat ugeschaaft gouf, kéint awer net ouni den Accord vun der Gemeng op eng aner Plaz transferéiert ginn, esou de Paul Schroeder.

Méi Beruffspompjeeën

Am Ganze wieren 800 Beruffspompjeeën néideg, fir de qualitative Service ze garantéieren, esou de Paul Schroeder. Den Ament ginn et der ronn 400. Déi Fräiwëlleg misste sech awer keng Suerge maachen, datt déi Professionell hinnen eng Plaz ewech huelen. Et wier e Problem vun der Disponibilitéit: Dagsiwwer hätt ee Schwieregkeeten, fir d'Gefierer ze besetzen. Et bräicht ee méi haaptberufflech Pompjeeën, fir sécher ze stellen, datt zu all Moment fir Hëllef gesuergt ka ginn. Et géif net dorëms goen, fir déi Fräiwëlleg ewech ze drécken.

Datt d'Zuel vun de fräiwëllege Pompjeeën erofgeet, ass eng Tatsaach. Den Ament ginn et zu Lëtzebuerg ronn 4.000 Fräiwëlleger, déi 95 Prozent vun all den Asazkräften ausmaachen. Et misst ee sech iwwerleeën, fir méi Fraen an Net-Lëtzebuerger mat anzebannen, esou de Paul Schroeder. De Gros vun de Fräiwëllege wiere Lëtzebuerger Männer. Mä et kéint ee sech net erlaben, déi 47 Prozent Auslänner, déi d'Bevëlkerung ausmécht, z'ignoréieren. Et misst een eng Campagne féieren, déi Fraen an Auslänner cibléiert.