Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hiatus Kaiyote - Everything's Beautiful

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir brauche méi Gläichgewiicht um Wunnengsmarché"

Associatioun Mieterschutz

"Mir brauche méi Gläichgewiicht um Wunnengsmarché"

Um aktuelle Wunnengsmaart feelt et u Gläichgewiicht tëschent Locataire a Proprietär, esou d'Kritik vun der Associatioun Mieterschutz, déi sech fir d'Rechter vu Locatairen hei am Land asetzt. D'Reform vum Loyersgesetz wier zwar e gudden Usaz, mee hirem President Jean-Michel Campanella no géifen déi geplangte Mëttelen nach net duergoe fir d'Problematike vum Wunnengsmaart an de Grëff ze kréien.

auto_stories

3 min

De Jean-Michel Campanella ass de President vun der Associatioun Mieterschutz

E Locataire befënnt sech um aktuelle Wunnengsmaart am grousse Nodeel, esou d'Kritik vun der Associatioun Mieterschutz. Wéinst den héije Marchés-Präisser hätten ëmmer méi Leit Problemer eng Wunneng ze fannen. Dorënner och vill Jonker, esou de Jean-Michel Campanella.

Et géifen ëmmer méi Fäll ginn, déi sech un den Office Social misste wenden. Et géif awer keng speziell Ulafplaz ginn, un déi e Locataire sech kéint wenden.

"Dat heescht, et ass een ëmmer blockéiert, an et reegelt sech alles viru Geriicht, an da mussen d'Leit och d'Moyenen hu fir op d'Geriicht ze kommen.Virun allem Locatairen a sozial schwaache Situatioune géifen duerch de System falen. Dobäi feelt et hei am Land u Statistiken, déi kloer opgräifen, wéi vill Leit effektiv Problemer hunn um aktuelle Marché eng Wunneng ze fannen. Lëtzebuerg bräicht deemno eng offiziell Institutioun, un déi sech Locatairë wende kéinten."

Politesche Courage gefuerdert

Elo wier politesche Courage gefuerdert fir nees Gläichgewiicht an de Wunnengs-Marché ze kréien, mengt de Jean-Michel Campanella. En éischte Schrëtt wier de Bau vu Sozialwunnengen.

"An dann en Equiliber mat de Garantie locativen, an den Invest, dee si musse maachen, wann si eng Wunneng fannen. Well wa si souvill mussen investéieren, just als Locataire, dat heescht wa si esou eppes wéi 7.000 Euro mussen investéiere just fir ze lounen, dat blockéiert vill Leit den Accès op Logement."

D'Associatioun begréisst, datt duerch d'Reform vum Loyers-Gesetz d'Garantie locative vun dräi op zwee Méint soll verkierzt ginn.

Positiv wier och, datt d'Fraise fir d'Agence elo solle gedeelt ginn. D'Fro bleift awer, firwat net dee bezilt, deen de Service och freet; nämlech de Proprietär. "A wann hien dat ze deier fënnt, da kann hien och eng Annonce maachen ouni eng Agence", esou de Jean-Michel Campanella.

Eng Mediatiounsplaz schafen

Dat wichtegst wier elo d'Marchés-Präisser erofzedrécken. Et wier net normal, datt d'Leit wéinst ze héije Präisser gezwonge sinn an d'Ausland ze plënneren. Och d'Mëttelschicht wier ëmmer méi vun dëser Problematik betraff. D'Reform géif hei net déi néideg Léisung bréngen, esou de President vun der Associatioun Mieterschutz.

Fir Locatairë méi ze ënnerstëtzen an Abusen ze vermeiden, proposéiert d'Associatioun dofir d'Commission des Loyers an eng Zort Commission de Logement ze erweideren, un déi d'Leit sech kéinte riichten, an déi als Mediatioun géif fonctionéieren. Dat kéint och d'Geriichter entlaaschten, esou de Jean-Michel Campanella.

Fir laangfristeg eng Léisung ze fanne misst d'Politik ufänken och de Locatairen nozelauschteren, a si mat an d'Boot ze huelen, esou nach de Jean-Michel Campanella. Dat fir nees e Gläichgewiicht tëschent Locataire a Proprietär ze etabléieren. Bis Ufank September schafft d'Associatioun Mieterschutz un engem neien Avis iwwer d'Reform-Propositioun vun der Regierung.