Radioen

On air

Notturno  |  Bedouine - One Of These Days

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir brauchen am Moment net méi Budget"

Filmfong

"Mir brauchen am Moment net méi Budget"

De Lëtzebuerger Filmsecteur wier praktesch um Maximum vun deem ukomm, wat hei am Land an dem Beräich méiglech ass.

auto_stories

2 min

De Guy Daleiden ass Direkter vum Filmfong. Foto. Archiv

Et wier am Moment och net néideg de Budget weider ze héijen, esou de Guy Daleiden. Et hätt kee Wäert de Filmsecteur "kënschtlech opzeblosen", just fir méi e grousse Secteur ze hunn. Et kéint een den Ament net méi maache wéi dat, woufir een den Ament och d'Méiglechkeeten hätt.

Déi staatlech Subventioune fir Lëtzebuerger Filmproduktioune wäerten an de nächste Jore wuel net an d'Luucht goen. De Guy Daleiden seet, an den nächsten zwee bis dräi Joer misst ee mat engem änleche Budget auskomme wéi dëst Joer.

De Produzent entscheet, wat gefilmt gëtt

De Lëtzebuerger Filmfong ännert Nascht u senge Krittäre fir Subventiounen ze verdeelen. Och nom Succès vun der Krimi-Serie "Captani" op Netflix, wéilt een net forcement verstäerkt Serië finanzéieren, esou den Direkter vum Filmfong.

Et wéilt een net op Basis vu Kategorien entscheeden, wat ënnerstëtzt gëtt, mee et géif een dat bewäerten, wat de Produzent als Dossier beim Filmfong erareecht. "Et ass um Produzent ze decidéieren, ob e léiwer en Tëleesfilm erareecht, eng Serie, e Kinosfilm oder eng VR-Produktioun."

De Guy Daleiden mengt och, datt näischt géif dogéint schwätzen, datt de Lëtzebuerger Filmfong an Zukunft Produktioune matfinanzéiert, déi exklusiv op Netflix lafen. Netflix misst awer Mataarbechter aus dem Lëtzebuerger Filmsecteur astellen, fir esou Subventioune kënnen ze kréien, esou den Direkter vum Filmfong.