Radioen

On air

Notturno  |  Roos Jonker & Dean Tippet - Love Like That

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir doen eis schwéier, d'Leit lasszeloossen"

10 Joer Euthanasiegesetz

"Mir doen eis schwéier, d'Leit lasszeloossen"

Dëse Weekend waren et zéng Joer hier, datt d'Gesetz iwwer d'Stierfhëllef a Kraaft getrueden ass. Der Associatioun Mäi Wëlle, Mäi Wee no, wier d'Euthanasie an der Praxis awer quasi non-existent. Si kritiséiert e Manktem un Informatioun vun alle Concernéierten an och eng Resistenz am medezinesche Beräich fir d'Stierfhëllef ze applizéieren.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Rido81.

E schlecht Gesetz wier besser wéi kee Gesetz, mee bei der Ëmsetzung um Terrain géifen d'Acteure sech schwéier doen, seet de Maître Jean-Jacques Schonckert, President vu Mäi Wëllen, Mäi Wee, der fréierer Association pour le Droit de mourir dans la dignité Lëtzebuerg. Den Doud am Allgemenge wier nach ëmmer en Tabuthema, dofir wier och de Prozess vun der Stierfhëllef an eiser Gesellschaft staark ëmstridden.

De Me Jean-Jacques Schonckert seet, et géif ee bei den Dokteren an de Spideeler mierken, "datt do eng immens Resistenz ass", mee och am familiären Ëmfeld. "Obwuel ee weess, datt dee Mënsch goe muss, op Basis vu sengem Krankheetsbild, doe mir eis am Allgemenge ganz schwéier, fir d'Leit lasszeloossen."

Formatioun fir d'Personal

Konkret fuerdert Mäi Wëllen, Mäi Wee vun der Politik eng Formatioun fir d'Dokteren an dat medezinescht Personal iwwer d'Stierfhëllef. Sou wéi et fir d'Palliativmedezin d'Haus Omega 90 gëtt, misst et dann och fir Mënschen, déi sech fir d'Euthanasie entscheet hätten, eng Plaz ginn, wou si sech kéinten zeréckzéie fir an Dignitéit ze stierwen, sou de Jean-Jacques Schonckert.

Dat wier "indispensabel", well soss hätt et och kee Wäert, datt et sou ee Gesetz gëtt. De Me Schonckert bedauert, datt et fir de medezineschen Akt keng Nomenclature gëtt. "Ech mengen, dat dierft awer net esou schwéier sinn, et sief dann den definitive politesche Wëlle feelt nach wie vor". Et wier awer net ze vill gefrot, an "dat misst ee jo awer hikréien", fënnt de Jean-Jacques Schonckert.

Opklärung fir d'Ëffentlechkeet

Weider misst och d'Ëffentlechkeet besser iwwer d'Stierfhëllef informéiert ginn. An deem Kader hunn de Gesondheets- an de Familljeministère elo an enker Zesummenaarbecht mat deene verschidden Acteuren um Terrain eng Informatiounsbroschür ausgeschafft. De Jean-Jacques Schonckert begréisst dat als ee Schrëtt an déi richteg Richtung, mee et géif awer nach vill ze maache bleiwen, fir den Doud endlech ze enttabuiséieren.


Detailer mam Paule Rodesch

Lauschterenplay_arrow