Op der Streck sinn op Plazen, déi den Organisateuren no besonnesch geféierlech fir d'Vëlosfuerer sinn, Schëlter mat Fuerderungen opgehaange ginn. D'Monique Goldschmit, Presidentin vun der Associatioun "ProVelo", wënscht sech ee ee méi héije Stellewäert a méi Opmierksamkeet fir de Vëlo am ëffentleche Raum:
"Et geet ëm eng nei Opdeelung vum Raum, et geet drëms, datt de Vëlosfuerer seng Plaz fënnt. Et kann net sinn datt eng Stad wou 50 Joer alles fir de motoriséierte Verkéier gemaach gouf, nach ëmmer déi selwecht Politik gemaach gëtt. Dofir gëtt et hei an der Stad, zu Esch, zu Dikrech, zu Ettelbréck, zu Wolz, egal, iwwerall och an eise klenge Gemengen, héich Zäit datt de Vëlo eescht geholl gëtt. Fir datt mir ëmmer an iwwerall sécher mam Vëlo kënnen hifueren. Mir fuerderen de "réflexe vélo" bei jidderengem, an net nëmmen datt ëmmer erëm de Sécherheetsproblem op de Vëlosfuerer ofgedréckt gëtt."
Den Tracé goung vun der Cité judiciaire iwwer de Boulevard de la Pétrusse op d'avenue Marie Thérèse an dann op de Lampertsbierg an zeréck bei de Pescatore. Leit, déi matgefuer sinn, hunn hir Motivatioun op ënnerschiddlech Aart a Weis ausgedréckt. "De Vëlo ass mäin Auto ginn", awer och vill Kritik iwwer déi existéierend Infrastruktur zu Lëtzebuerg.
Organiséiert gouf d'Maniff ënner anerem vun enger Rei Vëlosassociatiounen, der Sécurité routière an der europäescher Federatioun vun den Affer aus dem Stroosseverkéier.