Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Ben Howard - Only Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir gesi Patienten an engem Zoustand, dee mir net gewinnt waren ze gesinn"

Eng zweet Well onbedéngt vermeiden

"Mir gesi Patienten an engem Zoustand, dee mir net gewinnt waren ze gesinn"

An de leschten zwee Méint wieren Net-Corona-Patiente praktesch net behandelt ginn, erkläert den Dr. Alain Schmit. Et géif hei elo e besonnesche Besoin u medezinescher Versuergung ginn. Dat kéint och en Impakt op eng zweet Well hunn, esou de President vun der AMMD a Coordinateur vum Corps medical an der Corona-Kris.

auto_stories

2 min

Den Dr. Alain Schmit ass President vun der AMMD a Coordinateur vum Corps medical an der Corona-Kris

De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


Wärend zwee Méint wier keng Mammographie gemaach ginn, fir Kriibs ze detekéieren, an et wier och keng Preventioun fir Daarmkriibs gemaach ginn, esou den Alain Schmit.

"Och bei villen anere chronesche Krankheeten zum Beispill bei Häerzkrankheeten ass net deementspriechend no de Leit gekuckt ginn, esou datt een elo Patiente gesäit, déi an engem Zoustand kommen, déi een net gewinnt war esou ze gesinn."

D'Doktere géifen elo probéieren dëse Patienten zäitno méiglech Rendez-vousen ze ginn. Et wier awer eng schwéier Equatioun. Deemno géif eng zweet Corona-Well net onbedéngt méi einfach ginn, och wann een eng Rei Erfarungen aus der éischter Well gesammelt hätt.

"Wann een elo an deem erhéichte Bedarf, mat deene wéinegen Dokteren déi mir hunn an deene Strukturen, déi sech net besonnesch eegene fir mat esou enger Situatioun ëmzegoen, dann elo och nach eng zweet Well géife kréien, da wiere mir wierklech ganz schlecht. Dat géif wierklech e Problem maachen."

Et kéint een eigentlech net méi an eng Situatioun zeréck, an där d'Versuergung vun der Gesamtbevëlkerung kéint zeréckgestallt gi par Rapport zu der Pandemie.

Déi éischt Prioritéit misst sinn eng zweet Well ze verhënneren. De Haaptpunkt wier elo, wéi responsabel jiddwer eenzele Mënsch an der Gesellschaft mat sengem Ëmfeld wier. "Et ass do wou et spillt, ob mir deen heite Match just mat engem bloen A iwwerstinn, oder op et nach méi blo Plaze ginn", esou den Alain Schmit.