Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hätte gär e méi contraignante Kader"

Sozial Prestatiounen

"Mir hätte gär e méi contraignante Kader"

D'Kadergesetz fir sozial Prestatioune misst reforméiert ginn, esou d'Fuerderung vun der FEDAS. Ënner anerem missten d'Bestëmmunge fir als sozialen Acteur agreéiert ze ginn nei a méi kloer definéiert ginn.

auto_stories

1 min

Dde Marc Crochet, Co-Vize-President vun der FEDAS.

Déi rezent gegrënnte "Fédération des acteurs du secteur social" fuerdert, datt dat 20 Joer alt Gesetz un déi haiteg Zäit ugepasst gëtt. Esou fuerdert d'FEDAS, datt Prestatioune fir den Encadrement an de Logement vu Flüchtlinge méi präzis a méi laangfristeg gereegelt gëtt, seet de Marc Crochet, Co-Vize-President vun der Federatioun. Eng weider Prioritéit fir d'FEDAS ass eng nei Approche an de Soinen an dem Encadrement vun eelere Leit hei am Land.

D'FEDAS wëll Haaptuspriechpartner gi fir Verhandlunge mam Staat a mat de Gewerkschaften, zum Beispill iwwert Kollektivverträg am soziale Secteur. An der Fédération des acteurs du secteur social au Luxembourg si mat 160 Member-Associatioune bal all d'Acteuren aus dem soziale Secteur zu Lëtzebuerg regroupéiert.

D'FEDAS gouf ugangs vum Joer gegrënnt mam Ziel, déi legal, sozial an ekonomesch Interête vun hire Memberen ze verdeedegen, an den éischten Uspriechpartner fir de soziale Secteur vis a vis dem Staat an de Gewerkschaften ze ginn. Et géif ee sech awer net als Géigespiller vun der COPAS verstoen, mee déi zwee Acteure wiere komplementar, esou de Marc Crochet.