Radioen

On air

De Weekend  |  Van Morrison - Brown Eyed Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hoffen, datt mir dat Gesetz esou séier wéi méiglech kréien"

EU-Parquet

"Mir hoffen, datt mir dat Gesetz esou séier wéi méiglech kréien"

Lëtzebuerg huet nach ëmmer net deen néidege gesetzleche Kader, datt den neien Europäesche Parquet mat Sëtz um Kierchbierg seng Aarbecht ka maachen. "Dat mécht eis d'Saach natierlech net méi einfach", seet de Gabriel Seixas am 100,7-Interview: de Lëtzebuerger ass ee vun 22 europäesche Procureuren. Lëtzebuerg wier de Moment de leschte Memberstaat, dee seng national Prozedur nach net adaptéiert huet.

auto_stories

5 min

Et geet ëm eng Upassung vum Code de procédure pénale, wéinst der Schafung vun der Europäescher Staatsanwaltschaft, déi et zanter dem 1. Juni d'lescht Joer gëtt.

Dëse spezialiséierte Parquet ass zoustänneg fir strofrechtlech Enquêtë bei Verdacht op beispillsweis Korruptioun oder Bedruch a Relatioun mat Suen aus dem EU-Budget. Wéinst der Kreatioun vum Europäesche Parquet mussen nach gesetzlech Upassungen hei am Land gemaach ginn, erkläert de Gabriel Seixas:

"Et ass esou, datt den Europäesche Parquet, wéi e virgesinn ass, e Parquet ass, dee plein pouvoir huet. Dat ass eppes, wat mir zu Lëtzebuerg net kennen, well mir jo den Untersuchungsriichter hunn. Dat heescht mir musse schonn eis national Prozedur adaptéieren un d'Specificitéite vum Europäesche Parquet."

An Erwaardung vum Lëtzebuerger Gesetz

Den deementspriechende Gesetzesprojet, dee virun iwwer engem Joer an der Chamber deposéiert gi war, léich de Moment beim Staatsrot, seet de Gabriel Seixas. Si géife ganz äifreg op de Retour vum Conseil d'État waarde fir ze wëssen, wéi et ëm d'Gesetz géif stoen.

Lëtzebuerg wier de Moment dat lescht Land, dat nach kee Gesetz hätt: "Dat mécht eis d'Saach natierlech net méi einfach", seet de Gabriel Seixas.

Dat Lëtzebuerger Gesetz soll deemno esou séier wéi méiglech kommen, hofft ee beim Europäesche Parquet:

"Et ass eng Urgence do. Den Europäesche Parquet ass operationell an deenen 22 verschiddene Memberstaaten. Da muss och gekuckt ginn, datt een déi néideg Gesetzer huet fir seng Missioun kënnen ze erfëllen. An am Moment ass dat zu Lëtzebuerg net de Fall."

Et geet dorëms, datt den Europäesche Parquet een Dossier vum Ufank bis zum Schluss ënner senger Hand huet, erkläert den europäesche Procureur:

"Et ass am Fong inkompatibel mat der Interventioun vun engem Untersuchungsriichter. Well wann een eng Untersuchung opmécht, da verléiert de Procureur den Dossier. An den Untersuchungsriichter decidéiert a wéi eng Richtung den Dossier soll goen. An dat ännert sech dann elo mam Gesetz. Dat heescht déi delegéiert europäesche Procureuren, déi féieren d'Enquête vun A bis Z, an den Untersuchungsriichter intervenéiert nëmmen nach fir verschidden Devoiren. Dat ass e Paradigmewiessel, dat ass ganz kloer."

Déi genannten Delegéiert sinn déi delegéiert europäesch Procureuren, vun deenen et der de Moment gutt 100 ginn an den 22 EU-Memberstaaten, déi beim Europäesche Parquet matmaachen.

Vertriedung duerch zwee delegéiert lëtzebuergesch Procureuren

Lëtzebuerg hat seng zwee delegéiert europäesch Procureuren am Mee d'lescht Joer genannt. De Gabriel Seixas wier frou, datt hien de Philippe Zangerlé an Claude Eischen als Delegéiert hätt. Si wieren allebéid extrem kompetent a motivéiert Leit, a wieren de Moment ganz beschäftegt mam Opbau vum Office décentralisé.

De Gabriel Seixas erkläert, datt den Europäesche Parquet EPPO op zwee Niveauen opgebaut wier: Een zentralen Niveau, deen um Kierchbierg ass, a wou de Chef vum Europäesche Parquet an déi 22 europäesch Procureuren sinn, déi de Collège géife komposéieren. An et wier och hei um zentralen Niveau, wou si de ganzen operationellen an administrative Staff hätten.

Donieft ass déi europäesch Staatsanwaltschaft an den 22 Staate vertrueden - dat duerch déi delegéiert Procureuren:

"Déi den EPPO an den Affäre representéieren, déi maachen d'Affär fir den EPPO. Meng zwee lëtzebuergesch Delegéiert wäerten dann och déi national Affären enquêtéieren a mat deene viru Geriichter goen. Ech sinn an deenen Affären awer den europäesche Superviseur, mee hanner mir wäert nach eng Chamber sinn. An där Chamber sëtzen dräi Europäesch Procureuren, déi kee Lien mat Lëtzebuerg hunn, fir eben d'Independance vun den Enquêten ze garantéieren."

Déi delegéiert Procureure - vun deene Lëtzebuerg der also zwee huet - sinn also dofir zoustänneg, d'Affäre virun national Geriichter ze bréngen. Et géif keen europäesche Geriichtshaff ginn, explizéiert de Gabriel Seixas, fir d'kriminell Affären ze jugéieren. Dëst géif bedeiten, datt si virun déi national Juridictioune géife goen: Et wieren déi delegéiert europäesch Procureuren, déi déi Affäre wäerte plaidéiere goen.

Bis ewell ronn 500 Enquêten opgemaach

An den éischte bal néng Méint, an deenen et den Europäesche Parquet elo gëtt, goufe ronn 500 Enquêten opgemaach. Dobäi geet et ëm e méigleche Gesamtschued fir den EU-Budget vu fënnef Milliarden Euro:

"Mir hunn Dossieren um Lafen, och zu Lëtzebuerg. Dee Volet, wou mir elo méi viséiert waren, war deen iwwer Assistenz-Ufroe vun anere Delegéierte vun anere Länner. Wou mir eis och gutt opgestallt hunn, grad fir déi ze maachen, well mer natierlech vun Ufank un net mat ganz villen Dossieren um Fong zu Lëtzebuerg gerechent hunn, wou mir menger Meenung no awer falsch leien. Ech gesinn et jo awer selwer: mir hunn zeg EU-Institutiounen zu Lëtzebuerg, mir hunn iwwer 14.000 EU-Fonctionnairen zu Lëtzebuerg. Lëtzebuerg ass awer e Land, dat ganz vill Beneficiairen op sengem Territoire huet, wou EU-Fonge kritt. Do wäerte mir an Zukunft méi Dossieren hunn."

Wat säi perséinlechen Tëschebilan ugeet, weist de Gabriel Seixas sech virun allem zefridden doriwwer, datt den Opbau vum Europäesche Parquet gelongen ass.

De Lëtzebuerger Vertrieder ass zanter gläich annerhallwem Joer beim europäesche Parquet aktiv. Hien huet e Mandat vu sechs Joer, dat net kann erneiert ginn. Eng Verlängerung ëm dräi Joer wier awer méiglech.