Radioen

On air

De Moien  |  Europa Aktuell

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hu genuch Zäit verluer"

Brexit

"Mir hu genuch Zäit verluer"

Nom Brexit-Deal mat der Europäescher Unioun muss de britesche Premier fir eng Majoritéit am britesche Parlament kämpfen. Fir de Moment bleift onkloer, ob de Boris Johnson bis muer eng Majoritéit zesummekritt.

auto_stories

2 min

De Jean-Claude Juncker bleift bis den 1. Dezember EU-Kommissiounspresident. Foto: Serge Kesseler

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker geet dovun aus, datt de britesche Premier den Accord duerch d'Parlament bréngt, mee dat wier awer net sécher:

"Wann dat net geschitt, da si mer an enger extrem komplizéierter Situatioun. [...] Ech sinn dogéint, datt mer nach eng weider Verlängerung ginn. Wa mir elo géifen duerchblécke loossen, et kéint nach eng weider Verlängerung ginn, da géif dat déi Kräften am britesche Parlament ënnerstëtzen, déi souwisou Zäit gewanne wëllen. Ech fannen, mir hunn Zäit genuch verluer."

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel hofft "op eng positiv Äntwert vu London". Et géif den Ament kee Plang B ginn. Dofir hofft de Xavier Bettel, datt de Boris Johnson eng Majoritéit am britesche Parlament kritt. "Wann e keng kritt, da sti mer virun engem grousse Fragezeichen, dat muss een awer och soen.", esou de Xavier Bettel.

Sollt de Boris Johnson keng Majoritéit fir deen Accord kréien, misst ee kucken, wéi et mat Groussbritannie virugeet: London misst dann en neien Delai ufroen. Den Europäesche Rot misst dann doriwwer decidéieren, ob dësen Delai accordéiert gëtt oder net. Ob déi 27 Staats- a Regierungscheffen dofir extra op Bréissel misste kommen, déi Fro wier "awer och nach berechtegt", esou de Xavier Bettel.

Wéinst dem Retard bei der Zesummestellung vun der neier EU-Kommissioun huet de Jean-Claude Juncker op Nofro hi confirméiert, datt hie bis den 1. Dezember misst EU-Kommissiounspresident bleiwen. "Ech hale mech un de Vertrag, an de Vertrag gesäit vir, datt wann eng nei Kommissioun net mat Zäit ufänkt, datt dann déi al Kommissioun bleift. Ech sinn déi al Kommissioun."