Radioen

On air

De Moien  |  Ian Dury & The Blockheads - Reasons To Be Cheerful Part 3

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hu keng Stëmm méi"

Protestmaniff vu "Youth for climate"

"Mir hu keng Stëmm méi"

E Samschdeg den Owend waren déi Jonk vun der Organisatioun "Youth for climate" fir eng Manifestatioun an der Stad ënnerwee. Bei deem Protest sollt weder gejaut nach Banner gewise ginn. "Mir hunn genuch gejaut", seet d'River vun "Youth for climate". "Elo hu mir keng Stëmm méi!"

auto_stories

2 min

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


"Mir hunn es sat", seet d'River vu "Youth for climate". "Egal wéi haart mir blären, et gëtt eis awer net nogelauschtert!". Dofir sollt et op der Maniff vun e Samschdeg roueg sinn.

Datt de Message vun der Organisatioun domat net eriwwer kënnt, fäert d'River net."Mir hunn eise Message iwwer déi lescht Joren ëmmer erëm kloer gemaach, deen huet net vill geännert", erkläert déi jonk Aktivistin. "Eis Revendicatioune bleiwen déi selwecht, ob mir elo blären oder näischt soen!"

Op d'Experte lauschteren!

An awer fuerderen déi Jonk, datt d'Klimakris méi an den Virdergrond vun der Politik gesat gëtt, vill méi, wéi dat aktuell geschitt. Si selwer wiere keng Experten, géifen awer op déi lauschteren. "Et ass awer net eisen Job fir genee Solutiounen ze formuléieren ", seet d'River, "schliisslech si mir nëmme Schüler!"

Eng Radikaliséierung vum Klimaprotest, wéi et aktuell an Däitschland duerch d'Leit vun der Organisatioun "Letzte Generation" gemaach gëtt, schléisst d'River aus."Mir wäerten net ufänke Konscht ze beschiedegen", seet si.