Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hunn aus dem Projet Belval geléiert"

Schmelz Esch Schëffleng

"Mir hunn aus dem Projet Belval geléiert"

Et soll kee grousse Supermarché an de geplangte neie Quartier tëscht Esch a Schëffleng kommen, seet den Yves Biwer vun der Entwécklungsgesellschaft Agora. D'Schmelz tëschent Esch a Schëffleng ass zanter 2012 zou. Elo sollen op dëser Plaz Wunnengen, Büroen a Geschäfter entstoen.

auto_stories

2 min

An den Diskussioune ware bis elo d'Gemengen dobäi, d'Ministeren an och ArcelorMittal, sou den Yves Biwer. Et wier ofgemaach, datt och an Zukunft, d'Decisiounen zesumme geholl ginn. Sou solle beispillsweis 50 Prozent vun de Wunnengen an de Programm Urbain integréiert ginn. "Wat mir mat Sécherheet net wëlle maachen, dat ass do erëm e risegen Akafszenter ze schafen", sou den Yves Biwer. Hien ass den administrativen Direkter vun der Entwécklungsgesellschaft Agora, déi sech ëm de Site Esch-Schëffleng bekëmmert.

Et géif ee versichen de Site duerch eng Mixitéit vu Funktiounen um Liewen ze halen. "Mir kennen all de Problem vum Wunnengsbau hei zu Lëtzebuerg, dofir ass ee vun de Schwéierpunkten um Site sécherlech de Logement. Wann ech soe Schwéierpunkt, da rechnen ech schonn domat, datt d'Wunnengen dono méi wéi 50 Prozent vun all de Surfacen um Site ausmaachen."

Partizipative Prozess

Eng genee Opdeelung géif et awer nach net ginn. An den nächste Méint sollen och d'Bierger an d'Entwécklung vum Quartier matagebonne ginn, seet den Yves Biwer. Et hätt een aus dem Projet Belval geléiert. "Deemools war d'Erfarung net déi, déi mir eis hei zu Lëtzebuerg elo iwwer Jore konnten erschafen. Dofir ass et haut wichteg an der Gemeinschaft, an der Kollektivitéit, déi Saach ze entwéckelen. Wuelwëssend natierlech, datt gewësse Contrainten an Elementer musse respektéiert ginn."

Et misst ee sech bewosst sinn, datt de Quartier an zéng Joer aner Besoine kéint hunn. "A wann een e Masterplang huet, dee scho méi fest gezurrt ass, dann ass et och méi schwiereg dono dorop ze reagéieren."

Den Yves Biwer geet dovun aus, datt fréistens 2023 déi éischt Terrainen zu Esch-Schëffleng kënne verkaaft ginn