Fir de Friddensmarch gouf eng ganz Fuerderungspalett opgestallt: et manifestéiert ee fir eng oppen, solidaresch an tolerant Gesellschaft, fir e staarke Sozialstaat an och zum Beispill fir e kloren Engagement par Rapport zu den Zieler vum Paräisser Klimaaccord.
"Mir haten déi Theeme virum Krich an der Ukrain fixéiert", seet de Raymond Becker vun der Friddensplattform: si si mam OGBL Organisateur vun der Maniff. D'Theeme wiere wichteg, genee natierlech ewéi de Ruff no engem Waffestëllstand an der Ukrain.
D'Ukrain huet e Recht op Selbstverdeedegung
"Waffe schafe kee Fridden", heescht et vun der Friddensplatteform. An awer ass ee fir d'Selbstverdeedegung vun der Ukrain, fir e Recht op Waffen och. "Do ware mir vun Ufank un ganz kloer," seet de Raymond Becker. Hien verweist hei op den Artikel 51 vun der UN-Charta. Doran steet, datt e Land, dat ugegraff gëtt, e Recht huet sech ze verdeedegen, domat also och e Recht op Waffeliwwerungen huet.
De Raymond Becker gëtt awer zou, datt dëst keen einfache Spagat ass: Hien hofft egal wéi, datt de Konflikt séier iwwer Negociatioune kann op en Enn bruecht ginn.