Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  RF Shannon - Dublin, Texas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hunn d'Wahle verluer, mee elo gi mir an d'Regierung"

François Bausch - Der Un-Geduldige

"Mir hunn d'Wahle verluer, mee elo gi mir an d'Regierung"

Wéi huet de François Bausch d'Geheimdéngscht-Affär an d'Neiwahle vun 2013 an Erënnerung? A wéi d'Liewen an der Partei? Den Auteur Romain Meyer geheit a sengem Buch e Bléck op d'Carrière vum grénge Politiker.

auto_stories

4 min

A "François Bausch - Der Un-Geduldige. Skizzen eines politischen Lebens" beschreift de fréiere Journalist Romain Meyer - mat engem zum Deel subjektive Bléck - d'Carrière vum François Bausch. Den aktuelle Minister a grénge Spëtzekandidat am Zentrum ass e fréieren Eisebunner, fréiere Member vun der Ligue communiste révolutionnaire a vun der LSAP.

Krich an der grénger Partei

De François Bausch war bei der Presentatioun vum Buch am Café littéraire Le Bovary zu Weimerskierch dobäi. Hien huet Detailer an Hannergrënn geliwwert, zu deene Passagen, déi de Romain Meyer virgelies huet. Zum Beispill iwwer de "Krich an der grénger Partei" am Kapitel "Der heimliche ewige Parteichef". Et wier an der Partei relativ haart hiergaangen, seet den aktuelle gréngen Infrastruktur- an Nohaltegkeetsminister. "Dat muss een einfach soen, wéi et ass. An dat huet mënschlech relativ vill Verletzunge gemaach."

De François Bausch ass och op deen Typ Politiker ze schwätze komm, dee sech éierlech géif engagéieren.

"... deenen et wéi deet, wa si der an de Mo kréien. Déi, wa si Streech kréien, all Dag dorënner leiden. An ech hunn och dorënner gelidden."

Geheimdéngscht-Affär

Als e Beispill dofir huet den deemolege grénge Fraktiounschef a Rapporter vun der Chamber-Enquête-Kommissioun, d'Geheimdéngscht-Affär genannt. Näischt hätt hien an deene leschte Joerzéngte méi staark belaascht. Déi gréng an d'Sozialisten hätte kee "politescht Kapital" aus der Affär wëlle schloen.

"Dat eenzegt wat eis ugedriwwen huet, dat war den Degoût an déi Affär. Dat war den Degoût, wat virdru funktionéiert huet. Well et ass jo nach net alles thematiséiert an deem ganzen Dossier. Mir hu jo gelies, wat wierklech ofgelaf ass."

Am neie Buch gëtt dorun erënnert, datt d'Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun schonn 2009, kuerz virun de Chamberwahlen, iwwer d'Aueren-Opnam informéiert gi war. "Hätte ich gewusst, dass Juncker uns vier Jahre spatter derart für dumm verkaufen würde, hätt ich den Mund nicht gehalten", esou dozou am Buch de François Bausch.

Eréischt am Abrëll-Mee 2013 wier kloer gewiescht, datt Neiwahle bal net méi ze verhënnere wieren. Well de fréiere Premierminister Jean-Claude Juncker kee Wëlle gehat hätt "fir iergendwou do seriö mat ze kooperéieren a mat dozou bäizedroen, datt do eng seriö Opklärung géing kommen."

"Mir hunn d'Wahle verluer, mä elo gi mir an d'Regierung"

Um Wahlowend 2013 hätt hien nom Uruff vum Etienne Schneider a vum Xavier Bettel bannent fënnef Sekonnen decidéiert, datt déi gréng Deel vun der Dräierkoalitioun géife ginn. Mee hien hätt laang mat sech gekämpft, ob hien no sengem "exekrabel schlechte Resultat" iwwerhaapt an d'Regierung sollt goen. Wann hien no Menacen a Geriichtsprozesser, mat Schuedenersazfuerderungen a Milliounenhéicht, der herno nach "an d'Schnëss" géif kréien, hätt hie sech gefrot, ob hien net awer vläicht eppes aneschtes am Liewe sollt maachen.

Déi gréng waren den Owend vun de virgezunne Chamberwahle viru fënnef Joer am Melusina zesummen. D'Sam Tanson, déi den Ament fir déi gréng am Stater Gemengerot sëtzt, war déi Zäit Parteipresidentin. De François Bausch hätt deemools gesot:

"Voilà Kolleegen a Frënn: Mir hunn d'Wahle verluer, mä elo gi mir an d'Regierung. An Du kanns Der jo virstellen, wéi déi mech all gekuckt hunn. D'Sam ass opgesprongen 'Jo hues Du se nach all? Ass et e Witz?' 'Neen, et ass am Eescht.' 'Mee mir hunn dach verluer, mir hunn d'Wahle verluer'. Ech sot: 'Neen, mir hunn net verluer, mir hunn zu dräi eng Majoritéit'."

Relatioun mat der CSV

Datt et zu dëser Dräier-Regierung komm wier, wier eng logesch Suite gewiescht, vun deem, wat déi Méint virdru geschitt war, esou de François Bausch. An der sougenannter Elefanteronn, den 20. Oktober 2013 op RTL, hätt de Jean-Claude Juncker nieft him Folgendes gesot, dat een op der Televisioun net héieren hätt: "Ech hu verstanen. Si maachen et, géint mech." Dem François Bausch no hätt de Jean-Claude Juncker "bis dohinner nach ëmmer net verstanen, wat déi Méint virdru geschitt ass."

2009 gouf de François Bausch an engem Revue-Interview gefrot, ob hien eng Koalitioun mat der CSV géif ustriewen. Senger Meenung no, wieren all déi, déi him de Wonsch fir eng Koalitioun géifen ënnerstellen "permanent an der Koalitioun mat der CSV, an ech nach ni. Dat wëllt awer net heeschen, datt ech eppes géint d'CSV hunn", esou de grénge Minister an 2018 Spëtzekandidat am Bezierk Zentrum.


D'Buch "François Bausch - Der Un-Geduldige. Skizzen eines politischen Lebens" ass an den Editions Guy Binsfeld erauskomm. Et huet 168 Säiten a kascht 24 Euro.