Radioen

On air

Notturno  |  David Laborier - Baked Goods

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir louche mat de villen Tester net esou falsch"

Large-Scale-Testing

"Mir louche mat de villen Tester net esou falsch"

Muer fänkt am Kampf géint de Coronavirus déi zweet Phas vum Large-Scale-Testing un. Bis zu 53.000 Tester d'Woch kënnen da wärend sechs Méint realiséiert ginn. D'Regierung an d'Fuerscher ware sech gëschter eens, datt déi éischt Phas hir Friichte gedroen huet.

auto_stories

3 min

Der Regierung no louch Lëtzebuerg "net esou falsch" mat de ville Corona-Tester. Et hätt een doduerch méi fréi erausfonnt, wéi de Virus sech verbreet, soten d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert an de Fuerschungsminister Claude Meisch gëschter virun der Press.

Obwuel Lëtzebuerg vun ë. a. Däitschland als Risikogebitt agestuuft gouf wéinst de ville positiven Tester, wier d'Testcampagne richteg gewiescht, esou de Message gëschter vun der sozialistescher Gesondheetsministerin. Et wier net einfach gewiescht:

"De Wand war méi rau, mee mir hunn un eis gegleeft, a wann een haut d'Aktualitéit kuckt, gesäit een, datt mer net esou falsch louchen."

Een Drëttel huet an der éischter Phas deelgeholl

An der éischter Phas vum Large-Scale-Testing goufen an de leschten dräi Méint 1,5 Milliounen Invitatioune fir gratis Tester verschéckt, 560.000 goufen der an Usprooch geholl - méi wéi een Drëttel.

Eleng iwwer de Large-Scale Testing wieren direkt an indirekt ronn 1.100 positiv Corona-Fäll nogewise ginn, esou d'Covid-19-Task-Force. Dat ass ee véierel vun alle confirméierte positive Fäll.

Méi séier reagéieren

Dorënner waren och Leit, déi keng Krankheetssymptomer haten, an déi der Covid-19-Task-Force no fréizäiteg konnten isoléiert ginn, esou de Spriecher vun der Task-Force, de Paul Wilmes. Et hätt ee virun allem asymptomatesch Leit cibléiert, déi zwar keng Symptomer haten, mee de Virus konnte verbreeden.

Well ee méi wéisst wéi aner Länner, wier een am Virdeel, esou och de Fuerschungsminister Claude Meisch, doduerch hätt een éischter an den éischte Summerwoche kéinte reagéieren. Aner Länner hätten dat net kënnen.

Teste fir zeréck an d'Normalitéit

Dofir investéiert d'Regierung déi nächst sechs Méint ronn 60 Milliounen Euro fir déi zweet Phas vum Large-Scale-Testing, mat bis zu 53.000 Tester d'Woch. Si wier iwwerzeegt, datt dat géif hëllefen esouvill wéi méiglech Normalitéit zeréckzebréngen - wëllt heeschen: esou mann wéi méiglech aschneidend Mesuren am Kampf géint de Coronavirus.

Den Ulf Nehrbass, Direkter vum Luxembourg Institute of Health, deen déi éischt Phas vum Large-Scale-Testing koordinéiert huet, lueft an deem Sënn d'Approche vun de Lëtzebuerger, déi geloosse mat de villen Tester ëmgoe géifen. Doduerch wier et méiglech gewiescht déi zweet Well kleng ze halen. Lëtzebuerg hätt doduerch déi niddregst Stierflechkeet wéinst Covid-19.

Luef fir d'Zesummenaarbecht

Déi zweet Phas vum Large-Scale-Testing fänkt muer un - dës Kéier gouf de Projet ausgeschriwwen, ënner der Autoritéit vun der Direction de la Santé. Déi éischt Phas, déi ganz séier an d'Liewe geruff gi war, gouf vum Luxembourg Institute of Health a Research Luxembourg koordinéiert.

All d'Acteuren hu gëschter och d'Zesummenaarbecht gelueft. Wéi mir dat gemellt haten, goufen et um Ufank vun der éischter Test-Phas Retizenzen an der Santé. Dovu war gëschter näischt méi ze spieren.