Radioen

On air

De Moien  |  Real Estate - Flowers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir mussen d'Äerm eropstrëppen"

Bio-Butteker

"Mir mussen d'Äerm eropstrëppen"

D'Bio-Butteker stinn ënner Drock vun der Konkurrenz vun de Supermarchéen, seet de President um Verwaltungsrot vun OIKOPOLIS. Den Änder Schanck seet, datt d'Iwwerliewe vun de Butteker net a Fro gestalt wier. Si missten hiert Konzept an Zukunft awer méi kloer bei de Cliente vermaarten. D'Naturata-Butteker wéilten hiren enke Lien mat de Bio-Baueren dofir nees méi ervirhiewen.

auto_stories

1 min

Och an de Bio-Butteker sinn nach ëmmer vill Produiten a Plastik agepaakt. Den Änder Schank seet dozou, datt et heiansdo néideg wier, fir Produiten a Plastik ze verpaken, mee "Produiten, déi dréche verpaakt sinn, gëtt et eng Entwécklung fir méi mat Pabeierverpackungen ze schaffen." Uebst, dat fräi am Rayon läit, géif vill vun de Leit ugepaakt an zeréckgeluecht ginn. "Wann een dat hygienesch richteg beuerteelt, da misst ee jiddwerengem soen: wäscht Äert Uebst doheem!"

Dat wier och, mee net nëmmen, eng Fro vun der Hygiène, mee et wier een och dozou verflicht. "Wa mir elo géifen d'Produiten all fräi do leie loossen, da misste mir eng ganz nei Struktur opbauen. Mir probéiere jo och e bëssen onverpaakt ze maachen, mir mir gesi ganz däitlech, datt do Grenze kommen", esou den Änder Schank.