Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir mussen d'Ursula von der Leyen beim Wuert huelen"

Nei EU-Kommissiounspresidentin

"Mir mussen d'Ursula von der Leyen beim Wuert huelen"

Mat knapper Majoritéit gouf d'Ursula von der Leyen als éischt Fra un der Spëtz vun der EU-Kommissioun gewielt. Eng dënn Basis, op där déi däitsch CDU-Politikerin elo hir Kommissioun opbaue muss.

auto_stories

5 min

Datt et knapps gëtt, war gewosst, datt et esou knapps gëtt, war um Enn awer eng Iwwerraschung. Déi Liberal haten nämlech a ganz um Schluss och d'Sozialdemokraten hire Support fir d'Ursula von der Leyen zougesot. Do hunn um Enn awer eng 60 Europadeputéiert net matgemaach, well soss hätt d'Resultat anescht ausgesinn.

Gebraucht huet si 374 Stëmmen, um Enn hunn 383 Europadeputéiert fir si gestëmmt. Mat enger hauchdënner Majoritéit vu ronn néng Stëmme gouf also d'Ursula von der Leyen vum Parlament als Presidentin vun der Europäescher Kommissioun gewielt. D'Resultat entsprécht enger Majoritéit vun 52 Prozent, de Jean-Claude Juncker war viru fënnef Joer op 56 Prozent komm.

Majoritéit ass Majoritéit, sot nom Vott eng erliichtert Ursula von der Leyen. Si hätt déi zwou intensiivst Woche vun hirer politescher Carrière hanner sech.

Sozialisten net geschlossen hanner der Kandidatin

D'Sozialisten haten et bis um Schluss spannend gemaach. Eréischt um kuerz viru sechs Auer hu si iwwer Twitter matgedeelt, datt hire Grupp fir d'Ursula von der Leyen stëmmt. Net jiddwereen, mee déi grouss Majoritéit.

Den Nicolas Schmit hat seng Decisioun am Nomëtte geholl. Fir den LSAP Europadeputéierte geet de Programm vun der Ursula von der Leyen an déi richteg Richtung.

"Ech gleewen drun, datt mir dorop kënnen opbauen, an der zukünfteger Kommissioun an am Parlament. Mir mussen d'Madamm von der Leyen ëmmer erëm bei hirem Wuert huelen, dat ass dat, wat mir elo musse maachen. Si huet een Discours gehalen an eis och schrëftlech Engagementer ginn, déi musse respektéiert ginn."

D'Ursula von der Leyen hat effektiv an hire Versprieche virun allem de lénks-liberale Bord bedéngt. Si huet dat vläicht och dowéinst gemaach, well si sech net reprochéiere wollt loossen, um Enn der Droite hir Victoire ze verdanken.

Méi ambitiéis Ziler am Klimaschutz, ee méi kloert Bekenntnis zur Rechtsstaatlechkeet, d'Verspriechen, wann och vag, no enger Léisung am Sträit Thema Migratioun ze sichen: dat si Punkten, déi dem rietse Bord net gefall hunn.

Déi lescht Woch hätt sech dat ganz anescht ugehéiert, elo wier hien enttäuscht, sot de Chef vun der Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer, de Roberts Zile. An deem Grupp setzen ënner anerem déi polnesch Regierungspartei PIS, déi um Enn awer hanner der Kandidatur von der Leyen stoungen.

D'Linnen, pro a kontra Ursula von der Leyen sinn net ëmmer no Parteien, mee och no Länner verlaf. Déi 14 italienesch Europadeputéiert vu Cinque Stelle zum Beispill hu nomëttes publik gemaach, d'Ursula von der Leyen kéint op hir Stëmm zielen.

Keng Stëmme vum riets-extreme Bord

Aus der Fraktioun "Identitéit an Demokratie", an där déi italienesch Lega Nord, de franséische Rassemblement National, déi éisträichesch FPÖ, de Vlaams Belang an déi däitsch AfD setzen, koum eng däitlech Oppositioun:

"Unsere Fraktion können Sie mit einer solchen sozialistischen Anbiederungsperformance nicht überzeugen, wir werden deshalb gegen Sie stimmen", sou den Jörg Meuthen vun der AfD en Dënschdeg am Debat an der Plenière zu Stroossbuerg.

Eng Geleeënheet fir d'Ursula von der Leyen, heirop eng kloer Äntwert ze ginn. Si wier erliichtert, keng Stëmmen vun där Fraktioun ze kréien, sot si. Si stéing fir de Contraire vun deem, wat hie gesot huet.

Eng däitlech Ofgrenzung no riets, op déi verschidden Deputéiert gewaart hunn.

"Nieft inhaltleche Punkten an hirer Ried war et dee klore Statement géint Rietspopulisten, deen et méiglech gemaach huet, datt ech hir meng Stëmm ginn hunn", sot nom Vott d'Monica Semedo, Europadeputéiert vun der DP.

Fënnef Lëtzebuerger hu fir Ursula von der Leyen gestëmmt

D'Lëtzebuerger hunn um Enn all, bis op déi Gréng Tilly Metz, fir d'Ursula von der Leyen gestëmmt. Datt et knapps gëtt, war gewosst, sot den CSV-Europadeputéiert Christophe Hansen. Ganz zefridden ass hien net, och wann hie fir d'Ursula von der Leyen gestëmmt huet. Dat virun allem well elo kee vun de Spëtzekandidate Kommissiounspresident gëtt.

Dee Spëtzekandidate-System misst elo "a Stee gemeesselt ginn", sou de Christophe Hansen. Fir hie steet fest, datt d'EU-Verträg op deem Punkt musse geännert ginn.

Prominent Ënnerstëtzung gouf et iwwerdeems vun den anere Spëtzekandidaten. Och deenen, déi net an där nämmlechter Partei si wéi d'Chrëschtdemokratin Ursula von der Leyen. Souwuel déi Liberal Margrethe Vestager wéi och den Sozialdemokrat Frans Timmermans hunn op Twitter dozou opgefuerdert, fir d'Kandidatin ze wielen.

Paritéitesch Kommissioun ass Zil

D'Ursula von der Leyen huet hir Annonce vun der leschter Woch, datt si vun all Regierung verlaangt, ee Mann an eng Fra als méiglechen EU-Kommissär ze nominéieren, sou net widderholl. Si sot allerdéngs, um Enn misste genee esou vill Männer wéi Fraen an hirer Equipe sinn. A si géif noutfalls d'Länner opfuerderen, hir Nominatiounen ze änneren.

Zu Lëtzebuerg hat de Vizepremier Etienne Schneider scho matgedeelt, d'Regierung géif nieft dem Nicolas Schmit och eng Fra nominéieren.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.