Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir mussen einfach ëmdenken"

Nohalteg Ëntwécklung

"Mir mussen einfach ëmdenken"

Dem fréieren CSV-Deputéierte Marcel Oberweis geet de "Wuesstums-Fetischismus" net, dee senger Meenung no bedriwwe gëtt. Am Beräich nohalteg Entwécklung ass hie vun der Dräierkoalitioun enttäuscht.

auto_stories

2 min

Virun allem eng Partei hätt dem Marcel Oberweis no an deem Beräich méi bewierke kënnen. Duerch Gespréicher mat de betraffenen Deputéiert hätt hien awer gemierkt, datt et an enger Konstellatioun zu dräi net einfach wier, dat ëmzesetzen. "Vläicht misst ee ganz eleng an der Regierung sinn" fir Saachen ëmzesetzen, gëtt de fréieren Deputéierten ze bedenken.

Ëmdenken an Ëmlenken

Mee och wann d'CSV elo an der Verantwortung gewiescht wier, wier senger Meenung no méiglecherweis keen Ëmdenke passéiert. D'Majoritéit vun de Leit géifen nämlech ëmmer méi wëllen. Do misst en Ëmdenke geschéien, an dat wier och en "Ëmlenk"-Prozess: En "Ëmdenke beim Eenzelen an Ëmlenke bei der Politik."

De fréieren CSV-Deputéierten setzt an dëser Thematik op déi jonk Generatioun. Hie selwer hätt ënner anerem am Beräich nohalteg Entwécklung probéiert aus der zweeter Rei seng Politik ze maachen. Dat wier an enger Vollekspartei allerdéngs net ëmmer einfach. Et misst ee sech par Rapport zum sozialen an ekonomesche Fligel vun der Partei ofgrenzen, oder probéieren an déi Fligel eranzekommen.

Dräi Beräicher, déi zesummenhänken

Hien hätt probéiert de Kolleegen ze erklären, datt Nohaltegkeet ëmmer en "Dräibeen" ass. "A wann eent vun deenen dräi Beenercher ewech fält, da fält et an ee Koup." Et bräicht een an der nohalteger Entwécklung déi dräi Elementer Wirtschaft, Soziaalt, an d'Ëmwelt. "Ouni dat geet et net. Mee de Gedanken, datt dat esou een Zesummespill ass, dee mussen nach vill Leit léieren", esou de Marcel Oberweis.

Och d'Finanzkris hätt senger Meenung no der nohalteger Entwécklung dotëschent gespillt. Dat Soziaalt an dat Ekonomescht wier dunn erëm an de Virdergrond geréckelt par Rapport zur Ëmwelt.

Méi Zäit fir Aarbecht an der ONG

An Zukunft wäert de Marcel Oberweis méi Zäit fir seng ONG am Burkina Faso investéieren. Hie wier dofir och esou spéit am Joer an der Chamber zeréckgetrueden, fir genuch Suen zesummenzekréien, fir déi Leit ze bezuelen, mat deenen hien an Afrika wäert schaffen.

Hie géif haut wahrscheinlech dann och net méi an eng etabléiert Partei goen, esou nach de Marcel Oberweis, mee probéieren, eng Partei ze grënnen "wou alles dat géif drakommen, wat ech mir virstellen".

De Marcel Oberweis ass am Juni als Deputéierten zeréckgetrueden. Hie war 14 Joer fir d'CSV an der Chamber aktiv. D'Stater Gemenge-conséillère Claudine Konsbruck ass fir hien um Krautmaart nogeréckelt.