Ee Grond wier de Personalmangel, deen et bei der Douane gëtt. "An zweetens muss een och soen: wann e Beamte bis eng Prozedur ugefaangen huet, ass et ëmmer schwéier se ze stoppen", esou d'Presidentin vun der Douanesgewerkschaft.
Dofir verlaangt hir Gewerkschaft elo eng ähnlech Léisung wéi déi, déi fir d'Police fonnt gouf. "Et ass eng gutt Basis, déi do ausgeschafft gouf. An ech mengen, datt mir eis och do mussen un een Dësch setzen, fir esou en Accord ze fanne fir dat ze reegelen.", seet d'Lynn Luciani. Si fuerdert och, datt bei der Douane erëm méi Leit agestallt ginn:
"Mir hate virun enger Partie Joren eng Reduktioun vum Effectif, a mir sinn der Meenung, datt mir definitiv nees mussen erhéijen. Fir eis ass et, als Gewerkschaft, schwéier anzeschätze wéi vill Leit dat da wierklech musse sinn. Mee et muss definitiv eng Erhéijung vum Effektiv ginn."
Niddereg Carrière erëm opwäerten
D'Dounesgewerkschaft fuerdert, datt déi niddregst Carrière bei der Douane opgewäert gëtt. Hautdesdaags bräicht een op d'mannst fënnef Joer Lycée fir kennen Douanier ze ginn, seet d'Lynn Luciani. An der Salairesgrille géif dat awer net entspriechend honoréiert ginn.
Och d'Méiglechkeet fir an eng méi héich Carrière ze wiesselen, wier a verschiddene Fäll net ginn. Soss hätt all Beamte kënnen en Examen maache fir d'Carrière ze wiesselen. Haut wier et awer esou, "datt dat just nach mam Wëlle vun der Direktioun geschéie kann. Dat heescht, et gi just nach eng Partie Leit erausgesicht, déi dee Wee do kënne maachen."
Uspriechpartner an der Regierung ass de Finanzminister, deem d'Douanesverwaltung ënnersteet. D'Douanesgewerkschaft huet knapp 600 Memberen.