Genee wéi d'Regierung betount de Paul Junck nach eemol, datt et wichteg wier elo Zäit ze gewannen fir d'Verbreedung vum Virus anzedämmen. "Den Ament si mer gutt opgestallt, et ass den Ament kee Problem". Fir zousätzlech Capacitéite fräi ze kréien a fir Personal ze switchen, misst een awer Zäit hunn. "An déi erreeche mer, wa mir d'Mesurë vun der Regierung anhalen", seet de Paul Junk.
Ekipement a Personal fräi kréien
Mat hire ronn 150 ekipéierte Lit de soins intensifs wieren d'Lëtzebuerger Spideeler gutt opgestallt. Dem President vun der Spidolsfederatioun no wieren dës Better den Ament allerdéngs zum Deel fir normal Behandlunge besat.
Et wier een amgaang Pläng ëmzestellen an déi programméiert Chirurgie no hannen ze verleeën. Doduerch kéint een zousätzlech Ekipementer a Personal fräi kréien.
Enkpäss beim Personal
An noer Zukunft kéint et och zu Enkpäss beim Personal kommen. Sief et duerch Infektioune beim Personal selwer oder duerch de Congé pour raisons familiale an deem Secteur. En Iwwerbléck, wéi vill Mataarbechter wéinst dësem Congé ausfalen, konnt de President vun der Spidolfederatioun sech nach net maachen. Mee och hei géif un enger Léisung geschafft ginn.
Et géif ee probéieren, d'Kapazitéiten an de Crèchë fräi ze maache fir d'Personal. "Datt eis Personal ka weider schaffen, an datt hir Kanner a Crèchë kënne goen, déi extra fir d'Personal soignant opbleiwen."
Wat d'Reserve sanitaire ugeet, hätt d'Regierung den Ament nach keng Decisioun geholl. Dem Paul Junck no hätte sech allerdéngs schonn eng Rei pensionéiert Dokteren a Fleeger gemellt fir fräiwëlleg ze hëllefen.