Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir schaffe besser ouni Transparency International"

StopCorrupt

"Mir schaffe besser ouni Transparency International"

Zënter 2003 ass den néngten Dezember de Weltdag géingt d'Korruptioun. De Maître Yann Baden vu StopCorrupt schwätzt iwwert d'Erausfuerderungen zu Lëtzebuerg an iwwert d'Trennung vun Transparency International.

auto_stories

2 min

"Et ginn zwee Grënn, firwat d'Lëtzebuerger Sektioun den internationale Reseau Transparency International verlooss huet", seet de Maître Yann Baden vun der neier Associatioun StopCorrupt.

Engersäits wiere vill Ressourcen an de Reseau gaangen - déi wieren da fort gewiescht am Kampf géint d'Korruptioun. Anerersäits hätt Transparency International hir Virgoensweis geännert. D'Philosophie wier am Ufank déi gewiescht, fir Ännerungen am System ze bewierken, andeem ee mat jidderengem geschwat hätt. Mat der Zäit wier d'Organisatioun méi mediewierksam opgetrueden. Et wier méi plakativ mam Fanger op Plaze gewise ginn, wou et wéi deet.

D'Lëtzebuerger Sektioun hätt déi éischt Approche awer besser fonnt, seet de Yann Baden. Dat wier e weidere Grond fir d'Trennung. Et géif een hei zu Lëtzebuerg mat allen Acteuren zesummeschaffen, fir esou Changementer vu bannen no baussen erbäizeféieren. "Déi eenzeg Ännerung, déi et elo an eiser Aarbecht gëtt, ass déi, datt mir méi Suen zur Verfügung hunn", seet de Yann Baden.

Standarden erfëllt?

Eng Fro, déi sech stellt ass déi, ob d'Lëtzebuerger Sektioun wierklech d'Standarden erfëllt huet, déi vun Transparency virgesi ginn. Gouf d'Lëtzebuerger Sektioun eventuell vun Transparency opgefuerdert, fir ze goen? "Neen" - seet de Yann Baden, "mir selwer wollten déi Trennung - et koum éischter Drock an déi aner Richtung, fir datt mir bleiwen".

Korruptioun zu Lëtzebuerg

"Mir schaffen op zwee Haaptpunkten", seet de Yann Baden. Engersäits op der Legislatioun iwwert den Informatiounszougang vu Regierung a Verwaltungen. Stop Corrupt hätt dee Chantier zwar net ugefaangen, et wier awer e wichtegt Thema am Kampf géingt d'Korruptioun. D'Associatioun setzt sech awer och fir eng besser Protektioun vu Whistleblower an. Dat entspriechend Gesetz vun 2013 misst dann och iwwerschafft ginn, esou de Yann Baden.