Radioen

On air

De Moien  |  Little Simz - Far Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir schaffen elo mol am Ralenti"

Sechs Méint no den Iwwerschwëmmungen

"Mir schaffen elo mol am Ralenti"

Zanter de staarken Iwwerschwemmungen am Juni dëst Joer huet de Wirtschaftsministère 20 Betriber indemniséiert, déi am Ganzen 1,4 Milliounen Euro ausbezuelt kruten. Ee vun dëse Betriber gehéiert dem Garagist José Sanchis.

auto_stories

2 min

D'Garage ass um Grondhaff, direkt bei der Schwaarzer Iernz, déi e puer honnert Meter weider an d'Sauer fléisst. Den 1. Juni ass esou vill Waasser erofkomm, datt eng Rei Autoe bis an d'Sauer geschwemmt goufen. D'Waasser stoung ee Meter 20 héich am Gebai.
Esouwuel d'Gebai wéi och d'Material an der Garage haten en enorme Schued - den Expert hätt dësen op iwwer eng Millioun Euro geschat, seet de José Sanchis.

"D'Maschinerie, alles, also zu 99 Prozent, d'Büroen, d'Computeren, d'Sprëtzkabinn, d'Ponten. Verschidde Saachen hu mir nach net ersat. Do waarde mir nach, well mir nach net direkt kennen. Dat ass eise ganze Stock, eise Fong, dee mir fir e Roulement, wéi Filteren, Bremsscheiwen, all déi Saachen, déi ee sou all Dag brauch. Och e ganze Stock Faarwmaterial, deen och fort ass, vun der Mëschbänk an et sinn 100.000 Saachen, déi nach net do sinn. Mir schaffen elo mol am Ralenti."

De José Sanchis huet seng Garage dräi Méint no den Iwwerschwemmungen erëm opgemaach. Déi éischt finanziell Ënnerstëtzung vum Wirtschaftsministère vun 200.000 krut hien direkt am Juni. Hien hätt och vum Wirtschaftsministère confirméiert kritt, datt hien nach eng zweet finanziell Ënnerstëtzung géif kréien. Hie wéisst awer nach ëmmer net wéi vill a wéini.

Séier Hëllef vum Wirtschaftsministère, quasi keng vun den Assurancen

Op Nofro hin heescht et aus dem Wirtschaftsministère, datt d'finanziell Ënnerstëtzungen am Fall vun enger Naturkatastroph duerch eng Kommissioun ginn an op Basis vun engem Dossier accordéiert ginn. Dat kéint erklären, firwat eng Rei Tranchen nach net ausbezuelt goufen. Ouni déi finanziell Ënnerstëtzung vum Wirtschaftsministère hätt hie säi Betrib missen zoumaachen, seet de José Sanchis. Vu senger Assurance hätt hien nämlech näischt erëm kritt.

"Also d'Assurancen, déi hunn ... wéi soll ech soen ... si soten direkt, si géifen näischt bezuelen. Also vun enger Assurance krute mir e ganz ganz minimalen Deel, mee dat war just einfach fir e Geste commercial, mee dat war wierklech net vill. Fir Entreprisë géifen et, anescht wéi fir Privatleit, nämlech keng Versécherunge fir Wiederevenementer wéi Iwwerschwemmunge ginn, seet de José Sanchis."

Nieft dem José Sanchis goufen nach 19 weider Betriber vum Wirtschaftsministère indemniséiert, déi e besonnesch grousse Schued duerch d'Iwwerschwemmungen haten. Dat wieren ënner anerem Campingen an Hotellen, esou de Ministère. Zwee Betriber, déi besonnesch schlëmm betraff waren, hätten zesummen nach eemol am Ganzen 878.000 Euro Hëllefen accordéiert kritt. Iwwerdeems géifen nach 20 Dossieren opstoen, bei dëse géif de Ministère nach op Devisen an aner Piècë waarden.