Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir si frou iwwer déi grouss Solidaritéit am ganze Land"

Club des Jeunes Rëmerschen

"Mir si frou iwwer déi grouss Solidaritéit am ganze Land"

Direkt zwee Mol noeneen huet d'Clubhaus vum "Club des Jeunes Rëmerschen" Feier gefaangen. Ass et ee kriminellen Akt bei deem express ee Brandsaz geluecht gouf? Dat misst den Ament nach iwwerpréift ginn, heescht et. Just déi éischte Kéier konnt een nach mat Zäiten intervenéieren. D'Gebai ass nom zweete Brand elo vläicht net méi ze retten.

auto_stories

3 min

"D'Pomjeeë ware séier op der Plaz, mä si konnten net verhënneren, datt dat ganzt Clubhaus ugefaangen huet ze brennen," seet d'Julie Kohll, Presidentin vum Jugendclub zu Rëmerschen. E Sonndeg hätte Leit den Damp ënnen am Duerf gesinn an doropshin d'Pompjeeë geruff. D'Clubhaus zu Rëmerschen ass bis op e puer Mauere komplett ofgebrannt. Schonn e puer Deeg virdrun gouf probéiert, d'Haus vum Club des Jeunes unzefänken.

"Et waren nach Leit dobannen, déi e Futtbalssmatch gekuckt hunn. Ee vun de Memberen huet et héiere knisteren a kuerz drop huet et och ugefaangen, no Feier ze richen. Wéi d'Leit erausgaange sinn, fir ze kucke wat lass wier, hu si gesinn, datt d'Säit vun der Fassade ugefaangen hat mat brennen."

D'Pompjeeë waren direkt op der Plaz

D'Feier konnt ënner Kontroll bruecht ginn, esou d'Julie Kohll. "Esou konnt Schlëmmeres verhënnert ginn." D'Pompjeeë wieren och direkt op der Plaz gewiescht.
Ronderëm d'Clubhaus zu Rëmerschen um Kräizbierg hunn an der lescht och schonn e puer mol Ronnballe gebrannt. "Do haten d'Baueren immens vill Schued." Elo wier d'Gebai vum Club des Jeunes am Viséier gewiescht, an deem sech dacks Leit ophalen.

"Mir hoffen, datt et ophält. Et gëtt nämlech ëmmer méi schlëmm. Elo ass et schonn esou wäit, datt och nach Leit betraff sinn. Mir hoffe einfach, datt deejéinegen oder datjéinegt gefaasst gëtt."

D'Police huet ewell eng Enquête lafen, mä et ginn nach keng konkret Unhaltspunkten, esou d'Julie Kohll. D'Presidentin vum Club des Jeunes zu Rëmerschen seet awer, datt Brandstëftung net ausgeschloss wier. D'Police confirméiert dee Verdacht. Och de Buergermeeschter vu Schengen de Ben Homan geet vun engem kriminellen Akt aus.

"Mir hunn hei véier mol Branduschléi an engem kuerzen Zäitraum, dat seet mir, datt do Leit ënnerwee sinn déi pyroman veranlaagt sinn."

"Club des Jeunes" zu Remerschen

A schwéieren Zäiten zesumme sinn

D'Schengener Gemeng, mat där de Jugendclub gutt zesumme schaffe géing, hätt schonn eng Alternativ fir déi Jugendlech fonnt, esou de Ben Homan. "Mir hunn zesumme mam Club des Jeunes no enger Alternativ gesicht a mir hunn och eng Iddi, fir eng temporär Léisung um Site selwer, bis d'Gebai nees opgeriicht gëtt." Gefreet huet sech de Jugendclub zu Rëmerschen virun allem iwwer déi grouss Solidaritéit.

"Aner Clibb vun iwwerall aus dem ganze Land hunn eis hiert Bäileed matgedeelt an eis proposéiert ze hëllefen, oder bei si eppes drénken ze goen. Dat freet eis wierklech immens."

Do géing ee gesinn, wéi d'Jugend a Lëtzebuerg zesummenhale géing, esou d'Presidentin vum Club des Jeunes, d'Julie Kohll.