Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Badbadnotgood & Charlotte Day Wilson - Sleeper

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir sinn net de Konsumenteschutz"

Wirtschaft

"Mir sinn net de Konsumenteschutz"

"Eis Aufgab ass, fir zu Lëtzebuerg ze kucken, datt et e Marché gëtt, wou Konkurrenz ass", seet de Luc Tapella. Méi Konkurrenz géing de Konsumenten e bessere Choix an eng besser Qualitéit vu verschiddene Servicer garantéieren, mengt den Direkter vum ILR. Den Institut Luxembourgeois de Régulation feiert 20 Joer.

auto_stories

1 min

Den ILR ass e Produkt an e Begleeder vun der Liberaliséierung. 1997 gouf den ILR gegrënnt, an de Monopol vun der Post am Telekommunikatiounssecteur gouf opgeléist. Den Institut Luxembourgeois de Régulation huet duerno d'Liberaliséierung vum Stroum- a Gasmaart, am Schinnentransport an an der Loftfaart virugedriwwen a begleet. Den ILR geréiert dernieft d'Radiosfrequenzen, déi de Staat vergëtt.

De Begleeder vun der Liberaliséierung

D'Liberaliséierung géing fir eng gesond Konkurrenz suergen. Doduerch hätt de Konsument méi Choix a méi Qualitéit. D'Liberaliséierung vum Telekommunikatiounsberäich hätt dat gewisen, erkläert de Luc Tapella. De Monopolist Post hätt sech doduerch missen a Fro stellen an zousätzlech Investissementer maachen. Doduerch wäre seng Servicer besser ginn, an den Endkonsument hätt dovunner profitéiert.

Am Energieberäich géingen d'Leit zu Lëtzebuerg net genuch vun der Liberaliséierung vum Stroum- a Gasmarché profitéieren. En Haushalt mat véier Leit kéint bis zu 100 Euro d'Joer spueren, seet den ILR-Direkter. Fir d'Lëtzebuerger wär dat awer keen Argument. "Et ass an der Mentalitéit, datt de Lëtzebuerger zefridden ass mat deem, wat en huet." Dem Luc Tapella no hätt dat och mat der Qualitéit vum Stroumreseau ze dinn. Just 0,1 Prozent vun de Stéit haten 2015 de Stroumliwwerant gewiesselt.