Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Great Mountain Fire - Look Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir waren e puer Kilometer vun do fort, wou et geknuppt huet"

Krich an der Ukrain

"Mir waren e puer Kilometer vun do fort, wou et geknuppt huet"

Komplett zerstéiert Wunnengen, Leit, déi sech iwwer Wochen a Kellere verstoppen, Läichen, déi op der Strooss léien - wann een d'Biller vum Krich an der Ukrain gesäit, da kann een am Fong nëmme frou sinn, datt een net selwer op der Plaz ass. Mee ginn et och Leit, déi extra wéinst dem Krich an d'Ukrain reesen - mam Zil d'ukrainesch Arméi ze ënnerstëtzen. Mir hu mat engem jonke Lëtzebuerger geschwat, deen dat gemaach huet.

auto_stories

5 min

Lässeg Rap-Téin ënnermolen e Video, deen de Kevin Schumacher virun e bësse méi ewéi engem Mount ëffentlech zougänglech op Instagram verëffentlecht huet: E schwéier arméierte Bäifuerer filmt duerch duerch d'Fënster vun engem Auto, dee sech hanner engem Camion duerch Panzerspäre schlängelt.

Am Géigesaz zu den dacks schockéierende Biller aus der Ukrain, déi een all Owes op der Tëlee gesäit, erënnert dëse kuerze Clip éischter un e Videospill.

Formatiounen an der Ukrain

De Kevin Schumacher seet, dat wat een am Video gesäit, wier ee vu sengen Asätz an der Ukrain gewiescht: do wiere Sprengsätz transportéiert ginn. "Il y avait des mines anti-char qu'on a chargés, et des roquettes RPG. On l'a convoyé sur 200 kilomètres."

Am Detail kënne mir dës Aussoen net iwwerpréiwen. De 34 Joer ale Belsch-Lëtzebuerger huet eis awer Dokumenter gewisen déi beleeën, datt hie Mëtt Mäerz fir annerhallef Woch an der Ukrain war.

Haut ass hien zeréck zu Lëtzebuerg a beschreift seng Motivatioun fir an d'Ukrain ze reesen esou:

"Moi, mon but c'était de former des gens qui allaient combattre. Maintenant j'avais dit : S'il y a vraiment quelque chose de très bien organisé, de très clair - parce que je veux connaître tout le plan Avant de partir - ça ne me dérangeais pas de les emmener moi au combat."

Esouwäit wier et awer net komm, betount de Kevin Schumacher am 100,7-Interview. Déi meescht Zäit hätt hien an engem Lager fir Kampftraining an der Géigend vu Saporischschja am Süde vun der Ukrain verbruecht, nëmmen e puer Kilometer vun der Krichsfront ewech.

Keen offiziellen Optrag vun der Ukrain

"On était à 10 à 15 kilomètres d'où ça tapait", seet hien: hiert Haaptquartéier wier an enger aler Schoul gewiescht.

An dësem Quartéier hätt hie Formatioune selwer geleet, esou de Kevin Schumacher. De Belsch-Lëtzebuerger seet, hie wier zwar ne an enger Arméi gewiescht an hätt och nach ni an engem Krich gekämpft, mee hien hätt Kenntnisser aus privat organiséierte Waffeformatiounen, an déi hätt hien an der Ukrain weider vermëttelt:

"C'était de l'entraînement plus tactique, c'est-à-dire Combat urbain."

An de leschte Joren hätt hien ënner anerem am Noen Oste privat Formatiounen an dem Beräich gemaach. An d'Kontakter, déi hie bei dëse Formatioune gemaach huet, hätten him gehollef fir seng Rees an d'Ukrain ze organiséieren:

"On a fait notre propre chemin si vous voulez, notre propre organisation, sans contrat. Voilà, donc on rejoint des batelions, ou des militaires qui sont avec des contracteurs, militaires privés sous des civils ukrainiens, qui se sont engagés de manière aussi officieuse."

En offiziellen Optrag vun ukrainescher Säit hat de 34 Joer ale Waffebegeeschterten deemno net: Hien hätt kee Kontrakt mat der ukrainescher Arméi ënnerschriwwen.

Seng Rees hätt hie selwer bezuelt, an hien hätt och vu kengem Sue fir säin Asaz op der Plaz kritt, esou de Kevin Schumacher.

De juristesche Point de vue

Mee dierf een einfach op eege Fauscht an e Krichsgebitt reesen, an do mat Waffen hantéieren? Reng juristesch schwätzt näischt dogéint, soen direkt e puer Juristen, mat deene mir geschwat hunn: "Der Anschluss an eine ausländische Streitkraft ist grundsätzlich nicht verboten", seet den Droitsprofesser Stefan Braum vun der Uni Lëtzebuerg.

Hie preziséiert: och wann ee sech wéi de Kevin Schumacher an engem arméierte Grupp engagéiert, deen näischt mat enger offizieller Arméi ze dinn hätt, wier dat net illegal.

Et misst ee sech awer u gewëss Reegelen halen - sou dierft een net géint dat eegent Land kämpfen, an et misst ee sech un internationaalt Recht halen:

"Das heißt: In dem Moment, in dem ich auch als ausländischer Söldner an einem Krieg teilnehme, unterliege ich den Regeln dieses Krieges und kann etwa bei Verstößen gegen das Kriegsrecht oder gegen das humanitäre Völkerrecht dann mich auch strafbar machen."

An dem Fall kéint een dann och hei zu Lëtzebuerg verurteelt ginn, esou de Stefan Braum.

De Kevin Schumacher mécht sech awer no sengem Trip an d'Ukrain keng Suergen iwwer eventuell Poursuitten. Hie betount, hien hätt dohannen net op Leit geschoss, an hätt domat näischt Illegales gemaach:

"Je pense avoir fait une bonne chose. Maintenant, il y a des gens qui participent à des guerres, où là c'est borderline, c'est la limite. Non, ici je ne m'inquiète pas spécialement par rapport à ça, non."

Mee och wann et net verbueden ass, réit d'Lëtzebuerger Regierung hire Bierger ausdrécklech dovun of sech arméierte Gruppen an der Ukrain unzeschléissen.

Sinn nach aner Lëtzebuerger an der Ukrain?

De Kevin Schumacher seet, hie wier op sengem Trip kengen anere Lëtzebuerger begéint. An awer kann een dovun ausgoen, datt nach aner Leit hei aus dem Land an de leschte Wochen änlech Erfarunge gemaach hunn.

RTL huet d'lescht Woch zum Beispill iwwer zwee Lëtzebuerger Staatsbierger an ee Resident hei aus dem Land bericht, déi sech an der Ukrain a Kampfhandlunge verwéckelt wieren.

An och d'ukrainesch Ambassade zu Bréissel huet eis confirméiert, datt si Ufroe vu Lëtzebuerger krut, déi sech iwwer den offizielle Wee an der ukrainescher Arméi wollten engagéieren.

Wéi vill der Ufroen et goufen, an ob dës Leit effektiv an d'Ukrain gereest sinn, wollt d'Ambassade allerdéngs net weider kommentéieren.

An wann een de Kevin Schumacher freet, ob hie sech virstelle kann nach eng Kéier an d'Ukrain zréckzegoen, dann äntwert hien:

"Peut-être. On me l'a déjà proposé. Ce n'est pas mon projet, mais ça peut l'être."