Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir waren eis eens, fir weider Drock ze maachen"

Pressefräiheet

"Mir waren eis eens, fir weider Drock ze maachen"

De jonke slowakesche Journalist Ján Kuciak war Enn Februar 2018 zesumme mat senger Frëndin erschoss ginn. Hien hat déi geféierlech Bezéiungen tëschent der Politik an der organiséierter Kriminalitéit opgedeckt. Wéi steet et elo mat der Pressefräiheet an der Slowakei? De Michel Delage huet sech viru Kuerzem op der Leipziger Buchmesse mam Kuciak senger Journaliste-Kollegin Iva Mrvová vun der Websäit "Aktuality.sk" ënnerhalen.

auto_stories

5 min

Interview Iva Mrvováplay_arrow

Michel Delage: Dir hutt als Redaktioun bestëmmt net domat gerechent, datt ee vun äre Journalisten, den investive Journalist Ján Kuciak, géif ermort ginn... Oder hutt Dir dat als eng Méiglechkeet gesinn, vu datt hien op kriddeleg Affäre geschafft hat?

Iva Mrvová: Mir woussten, datt seng Aarbecht kriddeleg wier. Mee mir hate keng Angscht, well mir net domat gerechent haten, datt esou eppes am 21. Joerhonnert an engem demokratesche Staat kéint passéieren. Et war also nawell iwwerraschend. Ech wäert mäi Liewe laang drun denken, datt hien elo dout ass.

Am Ufank hate mer gefaart, datt dat mat eise Kollege vun der investigativer Equipe, an där nach dräi aner Leit schaffen, géif weider goen. Ech hoffen, do wäert näischt geschéien. Et spiert een esou eng staark Solidaritéit tëschent de Journalisten... Ech hoffen, datt keen dout gemaach gëtt, et muss een elo kucken. Mat esou eppes hate mer op jidder Fall net gerechent...

Mee hat dir net awer gespuert, datt den Drock ëmmer méi grouss ginn ass, nodeems d'Resultater vun der Enquête verëffentlecht goufen, wou et ëm d'Relatiounen tëschent héije politesche Responsabelen an der Slowakei an der organiséierter Kriminalitéit geet? Hat dir gespuert, datt sech eppes geännert hat?

Eise Premierminister [Robert Fico] hat eis als "Prostituéierter" bezeechent, asw. Do sot ech mer: Wow, ech si jo just e Journalist, dee versicht, am Déngscht vun der Demokratie ze schaffen, an elo soll ech de Staatsfeind sinn... Nom Ján sengem Dout hat de Premier eng kuerz Paus gemaach, en hat Angscht. De Robert Fico ass an Tëschenzäit zeréck getrueden. Mee d'Situatioun, d'Atmosphär an eisem Land ass ëmmer nach ganz schlecht. Ech hoffen, datt dat sech iergendwéi wäert leeën, datt et besser gëtt.

D'Medienhaus fir dat Dir schafft ass eng Internet-Publikatioun. Wat ass de Stellewäert vun "Aktuality.sk" an der slowakescher Presselandschaft?

Eis Websäit gëtt am meeschten oder zweetmeeschten an der Slowakei ugeklickt...

Wat dir verëffentlecht, gëtt also vum Publikum wouer geholl...

Jo, sécher. Mir fleegen och Kontakter zu anere Länner a Journalisten. Mee den Drock op eis wiisst weider, wéinst Konflikter mat Politiker, virun allem vun der aktueller Regierungskoalitioun. Si hu gewësse Liene mat der Mafia. Mir mussen dat opdecken, driwwer schreiwen. Mir mussen eis Aarbecht maachen, a se gutt maachen.

Ech huelen un, datt et nom Ján Kuciak sengem Dout Diskussioune gouf an der Redaktioun, doriwwer wéi et sollt weidergoen... Goufen et Kollegen, déi gemengt hunn, elo misst een de Ball flaach halen an net weider enquêtéieren, well et geféierlech kéint ginn? Wat war d'Positioun vun der Redaktioun?

Ech ka mech un deen Dag erënneren. Mir ware fir d'éischt emol stonnelaang wéi geläämt. An da si mer e puer Béier drénke gaange fir driwwer ze schwätzen. D'Stëmmung war calme... Mir waren natierlech traureg, et war net nëmmen eisen Aarbechtskolleg, mee eise Frënd. Mir waren eis awer eens, datt mir seng Aarbecht misste weider féieren. Dat wollt jiddereen. Mir haten Angscht, natierlech, och elo nach. Mee mir waren eis eens, fir weider Drock ze maachen, ëmmer méi fest.

An der Slowakei goufen et grouss Protester, wéinst deem wat geschitt war. Wéi ass d'Situatioun haut?

Am Ufank gouf nom Dout vum Ján all Woch demonstréiert. Elo gëtt et ëmmer nach Manifestatiounen, mee nëmme wenn d'Regierung schlecht Mesuren hëlt, fir ze weisen, datt mir, d'Bierger, ëmmer nach do sinn - ech schwätzen elo hei als Biergerin... Fir d'Slowakei, fir eis jonk Demokratie huet sech eppes geännert. D'Leit spieren, datt ee fir d'Demokratie muss kämpfen, an zwar all Dag.

De fréiere Premier Robert Fico, géint deen Äre Kolleg enquêtéiert hat, gouf ersat duerch säi sozialdemokratesche Kolleg Peter Pellegrini. Ass et an der Politik deeselwechten train-train wéi virdrun oder gouf et Verännerungen?

D'Situatioun ass wierklech eng nei. Déi zwee Männer verkierperen zwou Rollen: deen een ass de gudde Polizist, deen aneren dee schlechten. Den Här Fico ass wierklech rose well hie seng Muecht verluer huet. Mee déi sozialdemokratesch SMER-Partei wëll weider un der Muecht bleiwen, also muss si kucke fir d'Wieler iergendwéi ze behalen. Do kënnt et net gutt, wann een d'Journalisten als Hyänen oder Prostituéierter bezeechent. Den Här Pellegrini ass an deem Sënn dee Gudden, de Politiker, dee Kompromësser ageet. An den Här Fico ass ee rosene Mann, deen.. ech weess et net... Hien haasst d'Journaliste wierklech.... Mee bon, dat ass déi stäerkste Partei an der Slowakei, si versammelt 20 Prozent vun de Wielerstëmmen.

Um Niveau vun der Justiz gouf et Fortschrëtter, wat d'Enquête ëm de Mord um Ján Kuciak betrëfft. Wat ass viru Kuerzem do alles passéiert?

Et gouf ee grousse Schrëtt. Den Här Marián Kočner ass offiziell beschëllegt ginn an der Affär ëm d'Ermordung vum Ján. Et ass ee wichtege Personnage, mat ville Kontakter zu Politiker an zur Mafia. Mir waarde gespaant drop, datt hien ufänkt mat schwätzen, well hien huet vill z'erzielen. Mir mussen an der Slowakei weider kommen.

Also huet d'Aarbecht vum Ján Kuciak a vun anere sech bezuelt gemaach...

Dat hoffe mer. Mir hoffen, datt et ee Sënn hat. Mir musse seng Aarbecht weider féieren, well et gëtt nach vill ze maachen.

Wéi et schéngt ass an der Slowakei viru Kuerzem eng Organisatioun fir investigative Journalismus an d'Liewe geruff ginn...

Jo, mir hunn eng nei Institutioun, zënter ongeféier zwee Méint. Wat mech besonnesch freet ass, datt dës Institutioun mat Journalisten aus anere Länner verbonnen ass. D'Solidaritéit gëtt et net nëmmen an der Slowakei, mee a ganz Europa. Et ass wichteg zesummen ze schaffen, well mer eng Rei gemeinsam Problemer hunn.

Wéi hunn iwwerhaapt aner Medien an der Slowakei reagéiert? Si si dem Ján Kuciak senge Spueren nogaangen? Oder si si mat der Muecht verwéckelt? Wéi waren do d'Reaktiounen?

Jiddereen ass bereet fir ze hëllefen, et war fantastesch! Normalerweis kämpft jiddereen ëm seng eegene Lieser, mee elo schaffe mer zesummen. Et gëtt sech d'Material ënnert eneen ausgetosch. Et gëtt keng Kompetitioun, mee Kooperatioun.