Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir wëlle keng Knouterer méi sinn"

Mediechronik

"Mir wëlle keng Knouterer méi sinn"

Bouneschlupp, dat sécherst Land vun der Welt, Satellitten aus Betzder, e Schwammcours an der Coque, 25 Prozent méi fir d'Recherche zu Lëtzebuerg, de GovSat1, eng Krankekeess, déi 95,2 Prozent vun der Populatioun deckt, Liichtmëssdag, Juniorsdëschtennismeeschterschaften, an d'Fuesgecken. Dat ass nëmmen een Deel vun deem, wat ee virgeschloe kritt, wann een op d'Facebooksäit vu Luxembourg - Let's make it happen kucke geet. Virop awer deen neie Promotiounsfilm, deen elo iwwerall an andauernd gewise gëtt.

auto_stories

3 min

Dee kuerze Filmche weist eng Geschicht, déi vum Dram vum Fléien. Een Dram, dee mat engem klenge Meedchen ufänkt, dat a senger Kummer am Stater Gronn - do wou de Präis vu Quadratmeter wäit iwwer 6.500 Euro dierft leien - eng Zort Spatz aus Pabeier bastelt. Dee léist et dann aus der Fënster eraus bis bei de Luthier vis-à-vis fléien. An dësem Film sinn net wéi soss d'Rolllueden erof, d'Fënstere stinn iwwerall op.

E Multikulti-Laboratoire

De Luthier misst awer vill Dullemajike bauen, fir do kënnen en Atelieren ze bedreiwen, wou en an dësem Filmchen een huet, mä et sief. Dëse Villchen, elo deels Pabeier, gëtt dann a beschter Geppetto-Parodie e bësse mat Holz weider geschnëtzt a flitt weider an d'Land bei d'SES zu Betzder. Do steet och eng Fënster op, an an engem Multikulti-Laboratoire ass e Wëssenschaftler. Et erkennt een hien: Hien huet wäiss Hoer an e Schnurres wéi den Einstein. Deen triwwelt da weider um aarme Villchen, aus deem schlussendlech eng Hybridkreatur vun der kollektiver Kreativitéit ginn ass.

Den neien Animatiouns- a Promotiouns-Film vu Let's Make it happen, der Nationbranding-Lokomotiv, déi kee méi gebremst kritt, ass iergendwéi bewosst naiv, also express onschëlleg a vläicht och e bësse machiavellesch léif. De Vull ass e Lockvogel, et ass eng Attrape. Et ass een, deen net eis muss gefalen, mä deenen, déi heihinner solle kommen.

Eng idyllesch Realitéit

Et ass e Filmchen, dee mat Emotioune soll iwwerzeegen. Eng kleng Welt an där et nach kee Ban de Gaasperech gëtt, mä Leit, déi tatsächlech am Gronn liewen. Eng kleng Welt, déi Ambitiounen huet, ganz héich erauszewuessen, an dat andeems mir alleguer zesummeschaffe sollen. Oder éischter zesumme kreativ sinn, schaffen ass fir déi meeschte Leit anescht. Zesumme kreativ sinn op Plaze, wou jiddereen derbäi ass: Leit am Rollstull, Fraen, Leit, déi iergendwéi an dësem Filmchen Auslänner sollen duerstellen - klengen Tipp: si sinn net wäiss. Déi kleng Figuren an dëser Animatioun sinn awer net nëmmen all verschidden a gläichwäerteg, si schénge leider och direkt austauschbar.

Mä awer, mir sinn an engem klenge Meedche senger Welt mat enger mononuklearer Famill, déi am Restaurant de Choix tëscht Lasagne a Bouneschlupp ugebuede kritt, esou kann een et op d'mannst op der Tafel vum Plat du jour am klenge léiwe Paräisser, pardon Stater Restaurant liesen, wou sech zum Schluss alles zu engem séieren, awer effikassen Happy End trëfft.

Ophale mat Knouteren

War dat elo béis? Et deet eis leed. Mir sollen och ophale mat knouteren, mir wëllen net knouteren, mir wëllen och, datt et viru geet. Ëmmer virun, a wann een nëmmen am Stau steet oder den Zuch einfach ni komm ass, da muss et eben d'Luucht ausgoen ...

An da kommen d'Loftopnamen. D'Vue aérienne, dat ass fir de Promotiounsclip e bësse wéi d'Bottercrème fir de Gebuertsdagskuch. E bësse schwéier, mä si gehéiert einfach derzou. D'Veianer Schlass oder d'Tierm um Kierchbierg: Wann d'Sonn schéngt, an dat ass an dësem Filmchen esou, da si se all schéin.

An da gesäit Lëtzebuerg dach vun uewen ëmmer e bësse méi grouss aus ... oder?