Radioen

On air

Resonanzen  |  Henryk Wieniawski - Scherzo-Tarantella, Op. 16 - Maxim Vengerov (Gei), PFB Symphony Orchestra, Ernst van Tiel (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir wëllen d'Prinzippie vum Denkmalschutz ëmdréien"

Petitioun 1638

"Mir wëllen d'Prinzippie vum Denkmalschutz ëmdréien"

Um Internetsite vun der Chamber hu mëttlerweil iwwer 2.000 Leit eng Petitioun ënnerschriwwen, déi sech dofir asetzt datt architektonesch wäertvoll Gebaier erhale ginn. D'Karin Waringo, déi d'Petitioun mat lancéiert huet, seet et géif net drëms goen, datt al Gebaier d'office net méi dierfen ofgerappt ginn.

auto_stories

2 min

Et wéilt een d'Prinzippie vum Denkmalschutz ëmdréien. Haut wier een an enger Situatioun an där ee misst erklären, firwat een e Gebai wéilt schützen, seet d'Karin Waringo.

"An da musse mer Grënn siche goe fir dat Gebai do ze schützen. An entretemps ass dat Gebai vläicht scho gefall. De Service des Sites et Monuments ass am Moment am Gaangen e landeswäiten Inventaire ze erstellen. Mee de Moment si si mat véier Gemengen duerch. Véier Gemenge vun 104. Dat heescht, bis datt dat ofgeschloss ass, si warscheinlech e ganze Koup Gebaier alt nees fort."

Eng Päerdsscheier zu Heeschdref huet an de leschten Deeg fir Diskussioune gesuergt. Dës Annexe vum Heeschdrëffer Schlass soll nämlech ofgerappt ginn. Ëmmer nees suergen esou al Gebaier fir Diskussiounen, wa se ofgerappt ginn.

Déi al Bausubstanz géif engem Geschichten iwwer d'Gebai an d'Bauweis erzielen, sou d'Petitionärin. Déi Gebaier géifen och de Bau an enger Landschaft illustréieren, virun allem op Dierfer. Iwwer eng international Charte probéiere Länner fir sech Krittären ze ginn, mat deenen een den architektonesche Wäert vun engem Gebai kéint festmaachen.

"Ass e Gebai representativ fir eng gewësse Stilrichtung? Den historesche Wäert, wat och e lokalhistoresche Wäert ka sinn, wéi de Wäschbuer: Dee war natierlech wichteg fir d'Geschicht vum Duerf, fir den Austausch vun Informatiounen an esou weider. Da kann e Gebai och mat enger bestëmmter Perséinlechkeet associéiert sinn (...)"