Radioen

On air

De Moien  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir wëssen net, wat d'zukünfteg Aarbechtskonditioune vun eise Chauffeure sinn."

Bussecteur

"Mir wëssen net, wat d'zukünfteg Aarbechtskonditioune vun eise Chauffeure sinn."

Ee grousse Sträitpunkt bei de Verhandlungen iwwert ee neie Kollektivvertrag fir privat Buschaufferen ass d'Aarbechtszäit. "D'Gewerkschafte solle sech hir Positioun iwwerleeën", esou den President vun der Federatioun fir privat Busbetriber, Frank Schilling. Den Ament kéinten d'Buschaufferen hir Pausen net anhalen, och wéinst de ville Retarden duerch d'Chantiere vum Tram.

auto_stories

3 min

D'Aféiere vu Mini-Pause wier néideg, fënnt de Frank Schilling

Am Busbetrib géif eng Linn am Idealfall ophalen a no enger Dräivéierelsstonn erëm viru goen, esou datt d'Buschaufferen eng Dräivéierelsstonn Paus hätten, erkläert de Frank Schilling. "Dat ass awer bal ni de Fall", seet de President vun der Fédération Luxembourgeoise des Exploitants d’Autobus et d'Autocars (FLEAA). Dofir fuerdert d'Federatioun fir privat Busentreprisen d'Aféieren vu Mini-Pause fir d'Buschaufferen. D'Chauffeure solle bei Strecken, déi méi kuerz si wéi 50 Kilometer, d'Pause kënne am 8-Minuttentakt maachen. Fir dat ëmzesetzen, misst eng Exceptioun vun der europäescher Direktiv gemaach ginn.

Dëst ass ee grousse Sträitpunkt an de Verhandlungen ëm ee neie Kollektivvertrag fir privat Buschaufferen. Ronn 2.600 Employéë si betraff an d'Gewerkschafte gesi keng Méiglechkeet fir mam Patronat ze verhandelen. LCGB an OGBL si géint d'Aféiere vu Mini-Pausen. Si fäerten, datt domat d'Flexibilitéit ausgenotzt gëtt an d'Sécherheet vun de Chauffeuren a Clienten op d'Spill gesat gëtt.

Lëtzebuerg wier deen eenzegen EU-Staat, deen déi Ausnameregelung net hätt, seet dozou de Frank Schilling. "Ech gesinn net, firwat eis Chauffeure méi onsécher solle fueren, wéi déi zu Roum, Lissabon oder Paräis." D'Patronat wéilt d'Derogatioun aféieren, well d'Chauffeure géife riskéieren, penaliséiert ze ginn, wa si hir Pausen net kéinten anhalen. "Wa mir dat doten aféieren a mir änneren un de Pläng näischt: Da bléift alles d'nämmlecht an d'Chauffeuren hätten dee Risiko net méi."

2013 hätten d'Gewerkschaften nach eng aner Positioun gehat, kritiséiert de President vun der Federatioun fir privat Busbetriber. Deemools hätte si zesumme mam Patronat eng Demande un de Minister ënnerschriwwen, fir d'Derogatioun anzeféieren. De Frank Schilling fuerdert, datt d'Gewerkschaften hir Positioun iwwerdenken. "Mir wëssen net, wat déi zukünfteg Aarbechtskonditioune vun eise Chauffeure sinn." Géifen d'Gewerkschaften alenken, da wier d'Basis fir d'Negotiatioune vum Kollektivvertrag eng ganz aner. Géifen si dat net maachen, da misst deen aktuellen Zoustand negociéiert ginn, seet den FLEAA-President.

Vill Retarde wéinst dem Tram

Wéinst den Tram-Chantieren géif et den Ament zu ville Retarde kommen, bedauert de Frank Schilling: Bei verschiddene Buslinne wieren dat Owes bis zu 40 Minutten. Donieft hätten d'Buschauffere Problemer fir Parkplazen ze fannen. Aus dëse Grënn kéinten si dacks hir Pausen net anhalen. Den Tram wier awer eng Realitéit an et misst een sech domat arrangéieren, esou den FLEAA-President. "Mir mussen d'Leit jo op d'Aarbecht bréngen an Owes erëm Heem." De Frank Schilling betount, d'Busentreprenere wiere keng Tram-Géigner. "D'Leit musse jo och bis bei den Tram kommen. Dat geet net ouni Bus." Elo misst d'Organisatioun vum Busbetrib mam Ministère ausgeschafft ginn. Dat soll an den nächste Méint geschéien.

Wat d'Zukunft vun de Busser ubelaangt, esou seet de Frank Schilling, datt ëmmer méi op Hybridgefierer gesat géif ginn. Och Elektrobusser wieren am Kommen. Dat eenzegt wat géif feelen, wieren déi néideg Infrastrukturen. Déi missten esou séier wéi méiglech geliwwert ginn. Mee, "Lëtzebuerg huet mat dee modernste Fuerpark wäit a breet."

Net subventionéiert

Zwar ass d'FLEAA d'Federatioun fir privat Busbetriber, mee esou Betriber hunn och Kontrakter mat Gemengen, zum Beispill mat der Stad Lëtzebuerg. De Jean-Paul Baudot vum LCGB huet dofir gesot, de private Bussecteur wier ee vum Staat subventionéierte Secteur. Där Meenung ass de Frank Schilling awer net. "Den ëffentlechen Transport gëtt nëmmen an deem Sënn subventionéiert, datt d'Busticketen esou bëlleg sinn." D'Gefierer géifen awer net subventionéiert ginn an d'Fraisen géifen duerch streng Audite kontrolléiert ginn. Zwar hätten d'Betriber Kontrakter mat de Gemengen, mee déi wieren ausgeschriwwen. An d'Kontrakter mat der Stad Lëtzebuerg wieren negociéiert ginn. "Do gëtt näischt subventionéiert. D'Philosophie vun der Käschtestruktur ass déi selwecht."

De President vun der FLEAA betount iwwerdeems, datt d'Aarbechtszäiten a Pause vun den ëffentlechen a private Chauffeuren déi selwecht wieren. Dat wier geregelt.