Wéinst psychologescher Belästegung vun hire fréieren dräi Mataarbechter, gëtt d'Monica Semedo, Lëtzebuerger Europadeputéiert vun der DP, fir 15 Deeg suspendéiert a kritt wärend där Zäit och keng Indemnisatiounen ausbezuelt.
Sanktioune sinn eng Ausnam, esou d'Miriam-Lena Horn. Si ass parlamentaresch Assistentin am Europaparlament a Vertriederin vun der Beweegung MeTooEP. Zum Fall vun der Lëtzebuerger Europadeputéiert selwer wollt si näischt soen. Si begréisst et awer, datt iwwerhaapt Sanktiounen ausgeschwat goufen. Dat géif weisen, datt déi Leit an den zoustännege Gremien hir Aarbecht géife maachen.
Manktem u Vertrauen
Um Blog vu MeTooEP goufen iwwer 40 Fäll vu sexueller Belästegung gemellt, allerdéngs koum et bis elo bei kengem dozou, datt déi Responsabel zur Rechenschaft gezu goufen. A ville Fäll ginn och keng Plaintë gemaach. Dat géif déif blécke loossen, seet d'Miriam-Lena Horn. "Et weist, datt méiglecherweis d'Vertrauen an d'Institutiounen net do ass".
Am Kader vun der #MeToo-Debatt hat sech eng Majoritéit am Parlament fir méi streng Reegelen agesat. Déi Reegele goufen awer deels net ëmgesat. "Bis elo gouf et éischter kosmetesch Verännerungen", esou d'Miriam-Lena Horn.
Et gouf zum Beispill e Preventiounstraining en vue vun Harcèlementer fir Mataarbechter vum Parlament a fir Europadeputéiert ageféiert. Dee wier awer ëmmer nach fräiwëlleg. "Domat erreecht een haaptsächlech déi, déi souwisou schonn iwwerzeegt sinn", esou d'Miriam-Lena Horn.
Am Fall vun der Plainte géint d'Monica Semedo huet et bal ee Joer gedauert, éier et zu enger Decisioun koum. Datt sech d'Enquêten esou laang hinzéien, wier eng grouss Belaaschtung fir d'Mataarbechter. Déi dräi parlamentaresch Assistente vun der DP-Europadeputéierten haten zesummen demissionéiert, wéi si d'Plainte agereecht hunn.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.